De fréiere Chef vum SREL, de Marco Mille huet d'Enquête viru 7 Joer iwwert Pädohpilierumeuren ordonnéiert, dat huet den Radio 100komma7 de Moie gemellt.

3 Zeie wieren op enger Reunioun mam Marco Mille, André Kemmer a Frank Schneider derbäi gewiescht. Deemno hätt eng ganz Equipe op deem Pädophiliedossier, der Operatioun Catana geschafft.  De Marco Mille hätt argumentéiert d'Justiz géif net op deem Dossier schaffen. Duerfir géif de Geheimdéngscht dat maachen.

De Procureur général Robert Biever hat jo vun enger Geheimpolice geschwat. Dat ganzt wier inakkzeptabel a vun enger ongeheierlecher Gravitéit. En excès de pouvoir.