Bommeleeër: Wee kéint dem Ben Geiben gehollef hunn?

Am Bommeleeër-Prozess huet sech den Enquêteur Carlo Klein haut um 48. Dag mat der Tatverdächtegkeet vun den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes befaasst.
Alles wär vun der Enquête Ben Geiben ausgaangen, an nodeems d'BKA-Analys a Richtung intern Täter higedeit hat, huet ëmmer méi op Indicë fir Leit aus de Forces de l’ordre als Auteure vun den Attentater higewisen. D'Fro huet sech gestallt: Wann de Ben Geiben schëlleg war, wee waren dann déi aner Bommeleeër? No sengem Depart aus der Gendarmerie hätt de Ben Geiben keen Insiderwësse méi gehat, soudass dat vu Mattäter misst sinn.
Am Viséier wären d'Brigade mobile, d'Gendarmerie Stad an d'Sûreté gewiescht, déi Unitéiten also, déi de Ben Geiben duerchlaf huet. Déi zwou lescht wären no an no auszeschléisse gewiescht. An der BMG wären de Marc Scheer an de Jos Wilmes Bezuchspersoune vum Ben Geiben gewiescht an och de Jos Steil hätt weider gutt Relatioun zum Ex-Chef vun der Brigade mobile gehat. Et koum zu Auditiounen, am Ganzen engen 150 Stéck, an dono méi präzis zu Auditiounen, Perquisitiounen an anere Mesuren, déi Membere vun der BMG betraff hunn.
Et huet ee se bal net héieren: Ha, ha, ha sot d' Riichterin, e menaçant Hahaha. Et war eng vun de raren Platzen, wou ee méi genee wësse wollt, wat do uewen un der Barre lass war. An dat koum esou:
Wéi de ganze Nomëtte schonn hat den Enquêteur Carlo Klein Aussoe vu Memberen aus der Brigade mobile virgelies an e war am Gaang dem fréiere Brigade-mobile-Chef Pierre Reuland seng Ausso Wuert fir Wuert erofzeliesen an du koum déi Ausso vun deem, dee sot, hien giff unhuelen, datt et wéint dem Poopstbesuch eng Receptioun am Konvikt ginn gehat hätt; hien hätt awer keng Erënnerung drun, datt hien do partizipéiert hätt oder datt deen Owend en Attentat gewierscht wier. Dat sot de Pierre Reuland Enn Oktober 2005. Deemools wossten d' Enquêteure nach näischt vun dem Poopst-Fest am Konvikt a se wosste näischt vun der avortéierter Observatioun op de Ben Geiben deen Owend. Eng Observatioun bei där de Pierre Reuland jo eng ongekläerten dubiéis Roll gespillt huet a säin deemolegen Adjoint Jos Steil huet sech carrément verdächteg gemat, wéi d‘Bomm um Geriicht explodéiert ass. An de Pierre Reuland ka sech emol net un d' Basis-Fakten erënneren, e ganz fréien Ausbroch vu senger Krankheet, déi Amnesie heescht a wou d' Riichterin sot, si giff nawell hoffen, e Medikament dergéingt ze fannen. A wéint all deem sot si hahaha an dowéint huet dat menaçant geklongen.
Den Zeien Pierre Reuland gëtt mat Ongedold am Prozess erwaart.
Mee an der Paus hunn d'Enquêteuren séier hiren Telefon-Radio ageschallt an hunn nogelauschtert, wat an der Chamber gesot gouf an eng Zeie-Lëscht fir déi nächst Woch huet derfir gesuergt, datt de Sujet, dee grad an der Chamber evacuéiert gouf, déi nächst Woch um Geriicht erëm um Progarmm steet.
D'Zeien Robert Biever, Doris Woltz an de belsche Privatdetektiv, deen am Zentrum vun der SREL-Affaire steet, déi ginn da gehéiert. Mat der relativer Somnolence vum Donneschdeg ass et dann eriwwer