Wolter: Kee Grond fir Entschëllegung géintiwwer der ALJ

D'Associatioun vun de Journalisten hat sech net mat der perséinlecher Declaratioun vum Michel Wolter a Saache Quelleschutz-Polemik zefridde ginn.
An enger kuerzer Deklaratioun vun e puer Minutten, no där keng Froen vun de Journalisten zougelooss waren, huet de Michel Wolter kloer gestallt, datt keen aus der CSV de Procureur général mat Pädophilierumeuren diskreditéiere wollt an deementspriechend Rumeure gestreet huet.
Vill méi hätten anerer domadder der CSV, an him Michel Wolter, schuede wëllen, sou den CSV-Parteipresident. Dat kéint hien net op sech sëtze loossen, duerfir hätt hie gär gewosst wien dohannert stécht.
Hie wier sech sécher, datt et kee vun der CSV war, dee Rumeure gestreet huet. Mat senger Ausso, de Radio 100,7 wier vum Quelleschutz entbonnen, hätt hie sech wëlle vru seng Leit stellen. D'CSV an hie selwer stinn zum Quelleschutz, sou den Michel Wolter.
A wann hien een deen Ament ugegranzt hätt, géif dat ëm leed doen.
Den OGBL kritiséiert um Méindegowend an engem Communiqué, datt de Michel Wolter eng Entschëllegung fir seng feig Attack op d'Pressefräiheet a seng massiv verbal Entgleisungen, wéi et heescht, verweigert huet. Den CSV-Parteipresident hätt just erkläert, e wier falsch verstan ginn. De Syndikat Drock, Medien a Kultur fuerdert awer eng Entschëllegung an aller Form vum Michel Wolter an datt den CSV-Parteipresident mat all Menacen géintiwwer dem Radio 100,7 ophält.
D'Associatioun vun de Journalisten gëtt sech net mat der perséinlecher Declaratioun vum Michel Wolter a Saache Quelleschutz-Polemik zefridden. D'ALJ fuerdert an engem Bréif un den CSV-President, de Jean-Claude Juncker, de Chamberpresident an d'Press eng schrëftlech Excuse vum Michel Wolter.
Um Dënschdegmëtteg huet sech de Syndicat des Journalistes dëser Fuerderung ugeschloss. Den Här Wolter misst sech ëffentlech entschëllegen, seet den SJL an dierft net op en Neits probéieren, vu senger Attack op d'Pressefräiheet ofzelenken, an deems hie sech selwer als Affer duerstellt. Mat senger perséinlecher Declaratioun hätt den CSV-President sech net aus der Affaire gezunn, éischtens well keng Froen zougelooss waren an zweetens well sech, ausser engem partielle „Mea culpa“, net wierklech entschëllegt huet, de Quelleschutz a Fro gestallt ze hunn a Journaliste gedreet huet.
De Michel Wolter huet der Journalistenassociatioun um Mëttwochowend op hire Bréif geäntwert, an deem d'ALJ schrëftlech Excuse vum CSV-Parteipresident wéinst senger Attack an der Chamber op de Quelleschutz gefuerdert hat. De Michel Wolter kontestéiert dee Reproche formell a gesäit duerfir kee Grond fir eng Entschëllegung. Hien hätt de Radio 100,7 ni opgefuerdert seng Source ze nennen, zitéiert den CSV-Politiker aus senger perséinlecher Declaratioun dës Woch. De Michel Wolter kontestéiert och formell Journalisten vum soziokulturelle Radio menacéiert ze hunn.
An engems wërft den CSV-President der ALJ fir Aussoen erëmginn ze hunn ouni se z'iwwerpréiwen. Hien huet an deem Sënn de Conseil de Press ugeschriwwen. Fir de Michel Wolter gëtt et, wéi e schreift, ëmmer méi evident, datt elementar Prinzipien vum Deontologiecode net respektéiert goufen.
Wat war genee geschitt?
Nodeems de Procureur général d'Etat Robert Biever en Donneschdegmoien a senger Pressekonferenz gesot hat, verschidden Deputéiert wéilten hien diskreditéieren, jo mam Piffaass iwwert e fueren, hat den CSV-President Michel Wolter en Donneschdegmëtteg am Chamberplenum gemengt, de Radio 100komma7 misst d'Protection des sources, also de Schutz vu sengen Informatiounsquellen ophiewen a soe wien hinnen Dokumenter iwwert d'Pädophilieenquete vum SREL zougespillt huet, fir ze wëssen wien déi Informatiounen no bausse gedroen hat. De Michel Wolter huet argumentéiert, sollt de Radio seng Source net nennen, kéint kee soen, datt d'CSV géif dohannert stiechen.
D'Lynn Gaspar hat freides moies nach eng Kéier beim Michel Wolter nogefrot, deen u sengen Aussoe vun en Donneschdeg festgehalen huet.
Michel Wolter: Ech fannen, dass ech näischt falsches gemaach hunn... ech fannen net, datt ech hei eng Diktatur wollt provozéieren... ech fannen net, datt mer an eng Situatioun lo hei gaange wiere, wou mir den Dengen vum Quelleschutz géingen ophiewen. Ech hu just gesot par rapport zu eis, an ech hu gesot, wann aner Fraktiounen dat selwecht wëlle maachen, kënne se dat roueg maachen. Mä ech fannen, datt ech awer och d'Recht hunn, mat menge 26 kloer an däitlech ze soen, hei lauschtert: dir hutt Quelleschutz, mä net par rapport zu eis. Dir kënnt also den Numm soen wann et ee vun eis ass. An ech hu gesot wann et kee vun eis ass, wa mer lo den Numm lo net ierjendwann gesot kréien, da war et kee vun eis, an da muss einfach déi Rumeur ophalen, dass mir et wieren.
Den Här Wolter huet dat Recht net, hat de Fernand Weides, President vum Lëtzebuerger Presserot, du präziséiert.
Fernand Weides: Et steet dem Här Wolter net zou, oder och enger Fraktioun, oder soss ierjendengem, ee Journalist vum Quelleschutz ze entbannen. De Quelleschutz ass am Gesetz vun 2010 verankert, an dat ass e Recht!
De Presserot huet drun erënnert, dass am Fall vun enger geriichtlecher Uweisung eng Perquisitioun kéim, fir un Dokumenter ze kommen, fir eppes eraus ze fannen, misst de Conseil de Presse bei där Perquisitioun representéiert sinn, an dat misst och a strikter Transparenz geschéien. Grondsätzlech encouragéiert de Presserot d'Journalisten, sech op hire Quelleschutz ze beruffen.
De Syndicat des Journalistes-Luxembourg SJL hat och direkt insistéiert, datt Quelleschutz Pressefräiheet ass, och wann dat der CSV net passt. D'Pressegesetz, dat ënnert dem Asaz vun der Partei vum Michel Wolter entstanen ass, géif de Journalisten d'Recht ginn seng Informatiounsquellen ze schützen. Dacks kéint ee wichteg Informatiounen nëmmen duerch déi garantéiert Protectioun vun der Source kréien.
D'ALJ, d'Associatioun vun de Journaliste war och entsat an huet präziséiert, datt en Deputéierten, net einfach sou Gesetzer ausser Kraaft setze kann.
Ähnlech hat en Donneschdegowend och schonn de Chefredakter vum 100komma7 reagéiert. De Jay Schiltz huet ënnerstrach, datt hien ni wäert zouloossen, datt een op d'Journaliste politeschen Drock ausübt.