Bommeleeër-Prozess: "Enn vun der Monarchie"

De Jos Steil soll, sengem Fils no, gesot hunn, dass en Bommeleeër kennt, an datt, wann d’Wourecht erauskéim, dat d'"Enn vun der Monarchie" wär.
E Méindeg huet d'Justice och matgedeelt, wéi eng Zeien an den nächsten Deeg geruff ginn:
Mardi, le 18 juin 2013 - Claude Scho, Robert Biever, André Durand
Mercredi, le 19 juin 2013 - André Kemmer
Jeudi, le 20 juin 2013 – Doris Woltz, Steve Schmitz, Alain Engelhardt, Andrée Colas
Lundi, le 24 juin 2013 – Patrice Solagna
Mardi, le 25 juin 2013 – Pierre Reuland
Mercredi, le 26 juin 2013 – Luc Frieden
Chronologie vum Dag
Um 49. Dag vum Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel um Méindeg de Mëtten eng nei Konklusioun virgeluecht. Am Zesummenhank mat engem Manöver vun der Arméi, 1984, an der Géigend vu Beideler (Beidweiler) soll jo en Zaldot de Colonel Armand Brück op d’Plaz begleet hunn; dee Mann an de SREL-Chef Patrick Heck sollen an deem Kontext als Zeie gehéiert ginn, sou den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer. De Me Vogel huet an engems gefrot, d'Arméiarchiven ze saiséieren, an d'Anonymitéit vu méiglechen Zeie bedauert.
De Procureur Georges Oswald fir säin Deel huet Aussoen zur Auditioun vun Zeie gemaach. Ë.a. de Procureur général d'Etat Robert Biever an dee belschen Detektiv, deen de Mann vum Parquet général observéiert hat, sollen en Dënschdeg un d'Rei kommen, de fréiere SREL-Mann André Kemmer e Mëttwoch an d'fréier Untersuchungsriichterin Doris Woltz en Donneschden.
De Me Vogel huet doropshi gemengt, et wär absolut wichteg, deen Zaldot als Zeien ze héieren.
Dono ass de Policeenquêteur Carlo Klein mat sengen Ausféierungen iwwert d'Brigade mobile vun der Gendarmerie virugefuer.
Um Enn huet de Carlo Klein nach emol widderholl, dass et am Kader vun der Bommeleeër-Enquête ëmmer méi Indicen dofir gouf, dass d'Auteure vun den Attentater Insider waren; dobäi wär déi Spur an der waarmer Phas vun der Enquête, direkt no den Attentater, vernoléissegt ginn. Ë.a. op Grond vun den RTL-Reportagë wär et wuel zu Drock op d'Bommeleeër komm, an deen Drock wär duerch d'Pressekonferenz, am November 2006, vum Procureur d'Etat Robert Biever nach eropgaangen.
No der Paus sot den Enquêteur Carlo Klein, de Jos Steil wär scho schwéier krank gewiescht, wéi hie vun de Bommeleeër-Enquêteure gehéiert gouf. Deeselwechten Dag koum de Commandant-adjoint vun der Brigade mobile an e Spidol, a kuerz drop ass hie verscheet. De Jos Steil hätt ë.a. formell erkläert, de Ben Geiben hätt näischt mat den Attentater ze dinn an dass déi wuel vun der eegener Verwaltung ausgaange wären. De Jos Steil hätt d'Enquêteuren och gefrot: Kommt Der mech d'nächst Kéier festhuelen?
Dem Carlo Klein no war de Jos Steil um Ufank vun den Attentater krank am Spidol. Hien hätt eng Kéier erkläert, hie géif d'Auteure vun den Explosioune kennen, kéint hir Nimm awer net nennen. Wat eng eventuell Implikatioun vum Haff an d'Attentater ugeet, hätt de Jos Steil, sengem Fils no, betount, dass, wann d’Wourecht erauskéim, dat d'"Enn vun der Monarchie" wär. De Jos Steil hätt och kee Kontakt méi zum Ben Geiben gehat, wéi deen d'Gendarmerie bis verlooss huet.