Bommeleeër-Prozess: Belaaschtend Aussoe vu Procureur général

© RTL (18. Juni)
Ex-Police-Chef Reuland hätt mam Minister Luc Frieden ofgemaach, datt "Strafvereitelung im Amt" net Gesetz gëtt, sou de Robert Biever am Bommeleeër-Prozess.
A senger Auditioun viru Geriicht sot de Procureur général d'Etat Robert Biever, dass am Gesetztext zur Entrave à la justice zu engem gewëssene Moment de Paragraf "Strafvereitelung im Amt" gestrach war. Op eemol war en erëm dran am Gesetz, nom Passage am Ministerrot. De Robert Biever sot doropshin, hie wär dunn eng Kéier moies fréi op de Justizministère gaangen, deen de François Biltgen du grad iwwerholl hat. Den Administrateur général Guy Schleder hätt du gesot: Hei kënnt nach ee ganz fréi! Als Explicatioun hätt de Mann gesot, de Pierre Reuland hätt sech Deeg virdrun driwwer beschwéiert, dass dee Passage erëm am Gesetz dra wär; d'Zitat vum Pierre Reuland war: Ech hat eppes anescht mam Här Frieden ausgemaach!

Pierre Reuland
D'LSAP an déi Gréng hunn de Minister Frieden an deem Kontext an déi juristesch Commissioun um Mëttwoch geruff, fir zu deem neie Fait Stellung ze huelen... de Mueren awer huet de Minister aner RDV'en, sou datt d'Entrevue mat de Kommissiouns-Memberen op 16h30 Auer geréckelt gouf.
- - -
Um 50. Dag vum Bommeleeër-Prozess, op deem ë.a. de Procureur général d'Etat Robert Biever an den Detektiv, deen den deemolege Procureur observéiert hat, aussoe sollen, sinn nees vill méi Leit am Sëtzungssall wéi déi Deeg a Woche virdrun.
Um Ufank vun der Sëtzung gouf e Rapport vu 14 Säite vun de Bommeleeër-Enquêteuren iwwert d'versichtent Afloss-Huele vum fréiere Policechef Pierre Reuland a vum Patrice Solagna vun der Police judiciaire op d’Enquêteuren an d’Enquête verdeelt.
An deem Rapport fënnt ee bekannten Aussoe vun deenen zwee, iwwert déi an de leschten Deeg am Prozess rieds goung.
Als éischten Zeien huet en Dënschdeg de Mëtten de Police-Gewerkschaftler Claude Scho ausgesot. Hie gouf mat der Ausso vum Enquêteur Joël Scheuer vun der leschter Woch konfrontéiert: Deen hat jo gesot, de Pierre Reuland an de Guy Stebens hätten am Zesummenhank mam Gesetz iwwert d’Entrave à la justice intervenéiert. Der Gewerkschaft vun de Kadere wär bewosst gewiescht, dass dat Gesetz eppes mat engem méigleche Bommeleeër-Prozess ze di krit. An deem Kontext gouf de Saz notéiert: "Il faut trouver des exemples pour éviter le Bommeleeër", wat de Procureur Georges Oswald, Zitat, "extraordinär" fonnt huet!
D'Riichterin Sylvie Conter huet gemengt, dat géif sou kléngen, wéi wann een d'Affär Bommeleeër à part wéilt traitéieren; dat géif relativ bosseg eriwwer kommen. Fir d'Gewerkschaft war et kloer, sou de Claude Scho, dass sech dat Gesetz kéint op dës Affär applizéieren! De Me Vogel huet sengersäits gefrot, firwat d'Gewerkschaft eng Entrevue mam Pierre Reuland hat, an d'Presidentin vum Geriicht ganz konkret, ob dat Gesetz en vue vun engem Bommeleeër-Prozess sollt verhënnert ginn.
Dass de Pierre Reuland an de Guy Stebens Input ginn hätten, wat dee Gesetztext ugeet, stéiert dat d’Gewerkschaft net, frot d'Me Lorang, an d'Sylvie Conter, ob keen an der Gewerkschaft et komesch fonnt hätt, dass de Pierre Reuland an de Guy Stebens um Text matschaffe wollten. De Procureur Georges Oswald war der Meenung, dass verschidde Membere vum Gewerkschaftscomité sech dru ginn hätten, fir dem Pierre Reuland an dem Guy Stebens e Gefalen ze maachen, iwwerdeems d'Sylvie Conter wësse wollt, ob d'Memberen deem Rechnung gedroen hätten, wat déi zwee als Input matbruecht hunn.
Dem Claude Scho no gouf näischt Spezielles an den Text bäigefléckt, soss hätt hien demissionnéiert! Trotz allen Interventioune wär net um Text gefréckelt ginn, en Text, deen och gutt wär.
De Procureur Georges Oswald wollt nach wëssen, ob et eng Reaktioun am Comité dorop gouf, dass déi eng eppes wollten duerchsetzen an déi aner net, an d'Sylvie Conter, ob de Pierre Reuland an de Guy Stebens dovu begeeschtert waren oder net.
De Claude Scho huet näischt dozou héieren an um Enn vu senger Auditioun op eng Fro hi betount, dass et vu Säite vum Patrice Solagna vun der PJ keng Ënnerstëtzung fir d'Bommeleeër-Enquêteure gouf.
Affirmatif sot dee Mann, wann ee oui gemengt huet a négatif sot hien, wann e non gemengt huet. Et war definitiv wéi am Spionagefilm um Geriicht. An de belsche Privatdetektiv André Durand sot och, hien krit Menacen: en hätt eng Popp geschéckt kritt mat enger Kugel, am Kloertext wier dat eng Warnung, datt hien a 6 Méint dout wier.
Do stoung en also de faméise belsche Privatdetektiv, dee fir den André Kemmer vum Geheimdéngscht geschafft huet. Sot hien. An e sot och, hien hätt den Optrag gehat, de Passbureau ze iwwerwaachen an all d'Leit ze fotograféieren, déi do an- an ausgaang sinn, de Passbureau, dat Gebai wou bis 2007 d'Bommeleeër-Enquêteuren dra souzen. An dunn ass den Optrag wuel méi präzis ginn. Well den Detektiv ass engem Mann nogaang, an deen ass bei banaliséierten Auto gaang an dee stoung op enger Police-Parkplaz. An du wosst de Privatdetektiv, datt hien e Polizist giff observéieren – je ciblais un flic - an hien huet opgehal mat där Aarbecht. Huet am Geriicht awer nach dee Polizist erëmerkannt – ça pourrait être le monsieur à la cravatte rose – den Enquêteur Carlo Klein.
2007 krut hien eng aner Missioun délicate a sollt de Procureur Biever op enger Rees an Thailand observéieren an do och Fotoe man. Aus organisatoresche Grënn ass do awer näischt draus ginn. Méi spéit huet hien den André Kemmer gefrot, firwat dann déi geplangten Observatioun gutt gewiescht wier. D'Äntwert wier gewiescht dee Procureur wier e pédophile notoire, deen och zu Bréissel ënnerwee gewiescht wier an an Thailand hätt dat eppes mat enger Wunneng vun engem Polizist ze dinn, wou e Frënd eng Sécherheetsanlag installéiert hätt.
Paranthèse: Eisen Informatioune no gëtt a Justizkreesser driwwer geschwat, hei kéim erëm den Tountechniker M an d'Spill, dee jo an der SREL-Affair vun der kryptéierter CD eng onkloer Roll huet.
An de belsche Privatdetektiv huet weider Präzisioune ginn: hien hätt Honnerte Missiounen fir säin Agenteführer am SREL gemat; hien hätt tëschent 500 an 700 Euro de Mount kritt; ënner de Missiounen wier eng besonnesch pourrie gewierscht, déi op e russeschen Oligarch, wou d'Telefonen tëschent Lëtzebuerg, Israel a Moskau op eemol waarm gelaf wieren. Den André Kemmer wéilt haut näischt méi vun deenen zwou Bommeleeër-Observatioune wëssen, les missions n'ont jamais existé.