Schleder ka Versioun vu Biever net confirméieren: Vun engem Deal wier ni rieds gaangen ... housch et no der Sitzung vun der Justizkommissioun.

Um Mëttwoch am Nomëtteg gouf de Minister Luc Frieden op een Neits an der Justizkommissioun vun der Chamber gehéiert. An och den Aministrateur général aus dem Justizministère Guy Schleder war an d'Kommissioun komm, fir do gehéiert ze ginn.

An do schéngt de Luc Frieden entlaascht ginn ze sinn, esou éischt Reaktiounen no der Sëtzung.

"Et ass ee Stuerm am Waasserglas. An an der Chamber gëtt den Ament trotzdem ganz oppen iwwert Daten a Prozedure am Fall vu Neiwahlen geschwat." Dat sot den ADR-Deputéierten Gast Gibéryen um Mëttwoch den Owend, wéi en aus der Justizkommissioun eraus koum. Den Dossier wier elo fir d'Parlament zou.

AUDIO: De Gast Gibéryen

De Finanzminister huet d'Prozedur nach emol erkläert an de Guy Schleder huet erkläert, dass de Pierre Reuland tatsächlech an de Ministère gaange war, fir sech iwwer d'Gesetz z'informéieren, hätt awer ni gesot, en hätt eppes mam Minister ofgemaach.

AUDIO: De Luc Frieden

Et geet op keng Kouhaut, wat hei am Gaang ass ze geschéien, sot no der Sëtzung de Minister Frieden.

Iwwert eng Demissioun huet de Luc Frieden nach net nogeduecht, well hien net novollzéie kann, dat iergendeen him ee Fehler reprochéieren kéint.

Op wortl.lu huet de Minister och fréizäiteg Neiwahlen net explizit ausgeschloss, och wann et net un him wier dat ze decidéieren.

De Gast Gibéryen huet nach weider gemengt, d'LSAP wier haut net onbedéngt als Koalitiounspartner opgetrueden, mä éischter wéi wann ee scho matten am Wahlkampf wier!

RTL huet beim Robert Biever eng Reaktioun gefrot op dat, wat an der Justizkommissioun gesot gouf. De Procureur général wollt awer näischt dozou soen.

Luc Frieden entlaascht
De fréiere Justizminister ass an der Chamberkommissioun vun sengem fréieren Beamten am Justizminister entlaascht ginn.

Virgeschicht

Um Dënschdeg goufen et jo nees schwéier Reprochë géint de fréiere Justizminister. Den Ex-Policechef Pierre Reuland soll mam Luc Frieden ofgemeet hunn, dass déi sougenannten "Strafvereitelung im Amt" net Gesetz gëtt.

"Schluss elo mat drëppchersweis nei Saachen. Wann dat stëmmt, musse Konsequenze kommen", sot den LSAP President Alex Bodry de Mëttwoch de Moien ...

RTL

En Donneschdeg gëtt et eng Woch, dass de Luc Frieden de Vertrauensvote an der Chamber iwwerstanen huet. Et ass awer net aus ze schléissen, dass deemnächst op een Neits um Krautmaart iwwert dem Minister säi Schicksal ofgestëmmt gëtt.

De Procureur General Robert Biever huet de fréiere Justizminister en Dënschdeg am Kader vum Bommeleeër Prozess nach eng Kéier belaascht. Den Ex-Policechef Pierre Reuland soll mam Luc Frieden ofgemeet hunn, dass déi sougenannten "Strafvereitelung im Amt" net Gesetz gëtt.

An dës Kéier war et nieft de Gréngen esouguer de Koalitiounspartner LSAP, dee gefrot hat, dass de Minister Frieden an eng Sëtzung vun der juristescher Kommissioun misst invitéiert ginn. Déi Reunioun war e Mëttwoch géint 16h30 Auer.

Froen am Virfeld un den Alex Bodry

„Wie litt hei a wie seet d'Wourecht. Esou kann et net viru goen“,huet den LSAP-President en Dënschdegowend op Facebook geschriwwen an de Frank Kuffer wollt wësse wat hien domatter wollt soen.

Alex Bodry: Dass et muss Schluss sinn mat deem Drëppchesweis ëmmer rëm nei Saachen déi erakommen. Dat wat do gëschter vum Procureur general haaptsächlech gesot ginn ass, wat d'Ausaarbechtung vun deem Gesetz iwwert d'entrave à la justice ugeet, dat kann een net kal loossen.

Wann dat dote stëmmt, da musse Konsequenze kommen.

Frank Kuffer: Dat heescht d'LSAP mécht lo nees e ganz béise Fanger?

Alex Bodry: Si maache méi wéi e béise Fanger. Hei gëtt net gespillt Här Kuffer, Dir schéngt dat ze mengen, dass mer hei amgaange sinn ze spillen. Hei geet et ëm Froe vu Rechtsstaatlechkeet a Froen och vu Beweiser. Fir mech ass et ganz kloer, dass elo de Ball beim Här Frieden läit. Den Här Frieden muss net nëmmen dat wat gëschter vun Aussoen a Fakten op den Dësch koum, net nëmmen entkräften, e muss et kënne widderleeën. Dat ass dat wat mer vun him erwaarden de Mëtteg an der Sitzung.

Frank Kuffer: A wann net?

Alex Bodry: Wann net, da wäerte mer wëssen wat fir eng politesch Konsequenzen dozou ze huele sinn.

Frank Kuffer: Dat heescht?

Alex Bodry: Dat kënnt Dir Iech denken wat dat heescht. Méi däitlech kann ech net sinn.

Frank Kuffer: Récktrëtt?

Alex Bodry: Dat heescht, dass da frësch am Plenum muss iwwert d'Schicksal vum Justizminister Frieden diskutéiert ginn.

AUDIO: Den Alex Bodry um Mikro vum Frank Kuffer (19/06/2013)
RTL

Den DP-President Xavier Bettel hat begréisst, dass och elo d'LSAP geschéngt huet, mat op de Wee ze goen, fir dem Minister Frieden d'Vertrauen z'entzéien.

Xavier Bettel: Ma ech si frou, dass d'LSAP, ech hat dat jo och schonn d'lescht Woch gesot, de schwaarze Péiter an enger schwaarzer Affär kritt, a si muss ierjendwann eng Kéier dee schwaarze Péiter lassginn... d'Chamber soll ophale mat schaffen, d'Regierung soll demissionéieren... d'Leit sollen d'Méiglechkeet kréien ze soen, wat se wëllen, a wee se Vertrauen hunn a virun allem musse mer zesummen ufänken ze schaffen fir déi richteg Problemer déi mer am Land hunn och ze léisen. Dat anert si grave Disfonctionementsproblemer. Mä dëst Land huet och nach aner Problemer...

Déi Gréng haten och verlaangt, dass de Minister Frieden haut op een neits an d'juristesch Kommissioun geruff gëtt. De Felix Braz war scho virun enger Woch iwwerzeegt, dass den CSV Minister net ze hale wier.

Felix Braz: Mir géingen et wierklech begréissen, wann de Minister Frieden als leschten, anstännegen a groussen Acte seng eege Verantwortung géing assuméieren. Mir sinn amgaang d'Konzept ze erfanne vum Pouvoir ouni Responsabilitéit... dat geet net.

Den CSV Fraktiounschef Gilles Roth mengt et wier bësse problematesch oder op d'mannst net ganz einfach, wëll de Luc Frieden jo och nach am Kader vum Bommeleeër Prozess um Geriicht gehéiert gëtt. Firwat kann een dann net einfach zweemol d'Wourecht soen ?

Gilles Roth: Et ass net eng Saach vun juristesch komplizéiert mä et ass eng Saach déi ethesch e bësse méi problematesch ass, well hei einfach eng lafend Geriichtsprozedur ass. Dat muss een einfach als Faite nun emol ugesinn an anerersäits parallel dozou e Minister eigentlech zu deene selwechte Faiten an enger Chamberskommissioun Stellung hëlt. Dat heescht et ass bëssen eng Interaktioun zwëschen engem 1. an engem 3. Pouvoir. Mä de Minister seet ganz kloer, wann d'Parlament mech rifft, da kommen ech dohinner, an dat mécht en de Mëtten um 16h30... ech mengen dat ass manner wéi 24 Stonnen nodeem déi Ufro gestallt gëtt. Ech mengen do ass de Respekt vum Parlament do an ech erwaarde mer och, dass de Mëtten an dem Punkt Kloerheet geschafe gëtt.

Luc Frieden nees ennert Beschoss.
De Procureur huet hien geschter am Bommeléerprozess belaascht. Et geet em d'Gesetz iwwer d'Behennerung vun der Justiz.