Entrave à la justice - Wourëm geet et eigentlech?

Entrave à la justice: Wat di Däitsch Strafvereitelung im Amt nennen, soll also ënner Strof gestallt ginn.
Entrave à la justice – esou heescht op Juristen-Franséisch d'Gesetz vum 10. Juli 2011, dat dee bestrooft, dee säi Wëssen iwwer eppes Kriminelles net un d'Justiz weider gëtt. E Gesetz, dat direkt Suitten huet fir de Bommeleeër-Prozess an och fir déi aktuell politesch Situatioun.
Am faméise Bréif, deen de deemolege Procureur Robert Biever dem deemolege Justizminister Luc Frieden geschriwwen hat, fir hien driwwer opzeklären, datt verschidden héich Police-Offizéier massiv un Amnesie leide giffen, an datt de Police-Chef Pierre Reuland déi koppegst Saache gesot hätt – „d'Enquête geet bis op e bestëmmte Punkt a net weider“ - an deem Bréif huet de Robert Biever och geschriwwen, verschidde Leit hätte Problemer mat der Justiz, wa Lëtzebuerg no angelsächseschem Muster e Gesetz iwwer d'entrave à la justice hätt. Et wier also gutt, wann et e Gesetz giff ginn, dat bestrofe giff, wann een d' Justiz géing behënneren.
De Robert Biever – sot hien en Dënschdeg am Geriicht – ass duerno opgefuerdert ginn, e Gesetz virzebereeden. Hien hätt dat franséischt Gesetz geholl an hätt e Paragraf bäigefléckt. Am neie Gesetz sollt dra stoen, ech resüméieren, wien wéint sengem Beruff mat enger krimineller Saach befaasst wier a wien do, zum Beispill um Tatort eppes giff veränneren oder Dokumenter fälsche giff, dee Beamten oder Magistrat giff mat 5 Joer Prisong a mat 75'000 Euro bestrooft ginn. Wat di Däitsch Strafvereitelung im Amt nennen, soll also ënner Strof gestallt ginn. Déi zwou Zeilen, déi de Robert Biever bäigefléckt huet sinn dës:
Est punie de la même peine, la personne, qui par ses foctions, est appelée à concourir à la manifestattion de la verité et qui retient sciemment une information susceptible de contribuer à la manifestation de la vérité.
Wat natierlech e béise Saz ass, wann ee u Magistraten oder Polizisten denkt, déi vläit, z.Bsp., eppes iwwer d' Bommeleeër-Affär wësse kéinten.
An de Claude Scho huet jo en Dënschdeg um Geriicht rapportéiert, wéi de Pierre Reuland an de Guy Stebens géingt dëst Gesetz geschafft hätten.
Den zitéierten Paragraf war dunn aus dem Gesetz-Projet verschwonnen, sot de Robert Biever en Dënschdeg – an hien hätt säin Text an den Drecksback gehäit. Bis en dunn héieren hätt, am Regierungsrot wier decidéiert ginn, en neit Gesetz mat dem verschwonnenen Paragraf iwwer d'entrave à la justice ze man, an de Robert Biever wollt dowéinst eng Kéier mueres fréi mam neie Justizminister François Biltgen schwätzen. An dunn hätten do zwee héich Beamte gestan, ee vun hinne war de Guy Schleder aus dem Ministère, an deen hätt eben gesot, ah dir kommt och esou fréi. Déi Deeg war och de Pierre Reuland scho mueres fréido fir ze reklaméieren, den Text iwwer d'entrave giff net mat iwwerenee stëmmen mat deem, wat hien mam Här Frieden ofgemat hat.... sot de Robert Biever en Dënschdeg am Prozess. An huet domat de Pierre Reuland an de Luc Frieden quasi zu Verbündete gemat, déi d'Schäerft wollten aus dem neie Gesetz eraushuelen, eng Schäerft, déi natierlech op de Bommeleeër-Prozess gezielt huet, wou d'Wouerecht, déi ganz Wouerecht a nëmmen d' Wouerecht soll gesot ginn.
Vu jidderengem.
Och vun héijen aktuellen a fréiere Police-Beamten.
Den administrateur général aus dem Justizministère Guy Schleder ass iwwregens an dëse Minutten an der Kommissioun ukomm. De Guy Schleder soll, wéi et lo ausgesäit, um 17.00 Auer gehéiert ginn.