Regierungskrisen zu Lëtz.: 1. grave Problem zënter laangem

Zanter den 1950er Jore gouf et zu Lëtzebuerg zum gréissten Deel politesch Stabilitéit, an eréischt méi rezent koum et zu klenge Krisen.
Ënner anerem am Zesummenhank mat der Amëschung vum Grand-Duc Henri an d'Euthanasie-Debatt!
Dat soen engem Historiker wéi de Steve Kayser an den Denis Scuto, wann ee se freet, ob déi aktuell politesch Kris, déi d'Land rëselt, aussergewéinlech ass oder net. Si schwätzen dann och, wat d'Aktualitéit ugeet, vum éischte grave Problem zanter laangem.
Wesentlech politesch Krisen, déi e gréissere Koup Schierbelen no sech gezunn hätten, sinn et den Historiker no also net ginn. Et koum awer zu enger Partie Récktrëtter zanter de 50er Joren, wéi z.B. am Januar 1958.
Dee Moment huet den LSAP-Wirtschaftsminister Michel Rasquin d'Regierung verlooss, well hie bannent senger eegener Partei wéinst enger ze liberaler ekonomescher Politik kritiséiert gouf. Am Mäerz 1958 kënnt et dann zu engem méi déifgräifende Remaniement vun der Regierung.
No de Wale vum Juni 1964 kënnt et zu Spannungen tëscht de Regierungsparteien CSV an LSAP. Wéi dunn Enn 1966 de jonke chrëschtlech-sozialen Deputéierte Jean Spautz d'Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht fuerdert, kënnt et zu enger Regierungskris. Den Arméiminister Marcel Fischbach demissionnéiert, ier déi ganz Regierung zrécktrëtt. Am Januar 1967 fänkt déiselwecht schwaarz-rout Regierung nei un, mat, fir d'éischt iwwerhaapt, enger Fra an der Equipe. D'Madeleine Frieden-Kinnen gëtt hirersäits am September 1972 wéinst enger presuméierter Affaire de moeurs hir Demissioun.
Dotëscht, am Dezember 1968, gëtt et Neiwahlen, well sech d'CSV an d'LSAP net eens ginn iwwert de Staatsbudget fir 1969. Obwuel béid Parteie bei de Wale Plomme loossen, wëllen de Pierre Werner an den Henry Cravatte mat der Koalitioun virufueren, ma de Gewerkschaftsflillek vun der LSAP seet neen, soudass d'DP an d'Regierung kënnt.
Am Januar 1998 dann ass et de Récktrëtt vum Gesondheetsminister Johny Lahure, deen d'politesch Responsabilitéit fir déi sougenannt Dysfonctionnementer am Gesondheetswiesen iwwerhëlt.