Den André Kemmer sot, hie géif ënner Eed formell ofstreiden, Observatioune vun den Enquêteuren ordonnéiert ze hunn.

D'Riichterin Sylvie Conter huet um Mëttwoch de Mëtten um Ufank vum 51. Dag am Bommeleeër-Prozess erkläert, de Patrice Solagna vun der Police judiciaire wär krank geschriwwen. “Eng Kéier kënnt en”, huet d'Presidentin vum Geriicht awer betount!

Dono war et um Tour vum fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer. Dee sot, vun 2004-2008 beim SREL gewiescht ze sinn. De Fränk Schneider war do säi Chef. Vun 2009 u war hien dunn am Wirtschaftsministère. De belsche Privatdetektiv, deen en Dënschdeg gehéiert gouf, war ee vu sengen Agenten. Dee Mann hätt vill mat him ze di gehat, wär awer net vun him rekrutéiert ginn. Den Detektiv hätt vun 2004 u fir de SREL geschafft an haaptsächlech Observatiounen am islamistesche Milieu duerchgefouert. Dofir krut de Mann all Mount 1.000 €, sou den André Kemmer; “den Här Durand huet eis eppes anescht gesot”, huet d'Sylvie Conter gemengt.

Den André Kemmer sot dunn, hie géif ënner Eed formell ofstreiden, Observatioune vun den Enquêteuren ordonnéiert ze hunn. Zitat: "dat hu mir hien ni ugestallt". Och dozou sot d'Presidentin vum Geriicht: “Den Detektiv huet hei de Contraire gesot”. Ech kennen d'Bommeleeër-Enquêteuren a wéisst net, firwat hire Büro sollt observéiert ginn.

Wat d'Observatioun vum deemolege Procureur d'Etat ugeet, sou hätt de belsche Privatdetektiv och deen Optrag net vum SREL kritt. D'Rumeuren iwwert de Robert Biever hätte sech och net confirméiert, an hien, André Kemmer, hätt dem Här Durand gesot, dat z’ënnerloossen. Wat mam entspriechende Rapport geschitt ass, weess ech net, an ech hunn zanter 2006 näischt méi dovun héieren.

Den André Kemmer huet nach ënnerstrach, näischt konkret mat der Affär Bommeleeër ze di gehat ze hunn, ma et hätt een am Zesummenhank mat Stay behind Saache gekuckt. No enger Zäit koum et dunn zu engem Briefing vum Premier. D'Untersuchungsriichterin Doris Woltz hätt hirersäits näischt dovu gehalen. Gouf et dann ausser der Präsenz, zu Lëtzebuerg, vum Licio Gelli weider Indicen an déi Richtung, huet d'Sylvie Conter gefrot. Konkret net, sot den André Kemmer, mä an Zäite vum Kale Krich wäre verschidden Attentatsziler symptomatesch gewiescht fir de Stay behind.

Fir den André Kemmer war d'Pist Stay behind keng Prioritéit beim Briefing vum Premier Jean-Claude Juncker. Doropshin huet d'Presidentin vum Geriicht gefrot: Firwat hutt Dir dem Staatsminister dann nëmmen d’Halschent erzielt? Dem SREL-Mann no hätt d'Theorie kënne passen, ma et gouf um Enn kee Beweis fir Stay behind zu Lëtzebuerg. Wat d'Sylvie Conter zur Ausso beweegt huet: “Dir hutt iwwerhaapt näischt!”

Dogéint ass dee Stay behind an den Ae vum Me Vogel déi eenzeg valabel Theorie fir d'Attentater.

Den André Kemmer huet awer ze bedenke ginn, dass et zwee Stay-behind-Memberen am SREL gouf an de Licio Gelli senger Meenung no d'Schlësselpersoun war. D'Fro huet sech och gestallt, vu weem de Mann zu Lëtzebuerg encadréiert gouf.

D'Presidentin vum Geriicht war der Meenung, de Grand-Duché hätt sech net grouss manifestéiert, fir de Licio Gelli un Italien auszeliwweren. "Hie souz fir d'Italiener och vläicht gutt hei", sou d'Sylvie Conter.

De Procureur huet doropshin eng Konfrontatioun tëscht dem André Kemmer an dem André Durand gefuerdert, well manifestement ee gelunn hätt. De
Georges Oswald wollt donieft vum André Kemmer wëssen, ob deen de Pierre Reuland kennt.

Jo, ech kennen en aus menger Zäit an der Police, hunn awer kee Kontakt méi, sot den André Kemmer.

Hat Dir da Gespréicher mat him, frot de Procureur.

Ech hu kee Kontakt méi mat him, mä hunn de Guy Stebens eng Kéier gesinn, virun annerhallwem/zwee Joer.

Op Grond vun den zum Deel auswäichenden Äntwerte vum Zeien huet d'Riichterin Sylvie Conter gefrot, ob een, wann ee bei de SREL kënnt, a Coure geet, an ob een z.B. geléiert gëtt, fir net op Froen z’äntweren. Eng Äntwert blouf aus. Doriwwer eraus huet d'Presidentin gemengt, de Pierre Reuland séitz zu Bréissel; a mir hei, huet d'Me Lorang de Saz fäerdeg gemaach, iwwerdeems de Me Vogel ervirgestrach huet, dass keng aner Leit mat inculpéiert wären. Um Enn wollt d'Sylvie Conter wëssen, ob een den André Kemmer influenzéiert hätt am Hibléck op seng Aussoe viru Geriicht. Den Zeie sot, dat wär net de Fall gewiescht!

No der Paus huet d'Sylvie Conter gefrot, ob et e Volet Aktioun vu Stay behind zu Lëtzebuerg gouf. Den André Kemmer huet geäntwert, dass et eng militäresch Struktur gouf, déi Sabotage-Aktiounen duerchgefouert huet, déi similär waren zu Attentater am Grand-Duché.

War dat en zesumme gewierfelte Grupp, frot d'Riichterin; den André Kemmer, dat wär plausibel. Fir d'Presidentin vum Geriicht gëtt et dann och effektiv eng Rei Attentater, déi dora passen! De Me Vogel huet an deem Sënn e Saz vum fréiere SREL-Direkter zitéiert, fir deen de Stay behind eng Hypothese war, déi et scho laang gouf. Dem André Kemmer no war et souguer déi eenzeg Theorie, déi unzehuele war; ma et gouf awer net an déi Richtung enquêtéiert, huet d'Me Lorang betount. D'Sylvie Conter huet nach gefrot, ob déi Iddi net lancéiert gouf, fir vun anere Saachen ofzelenken. Neen, sot den André Kemmer, wat d'Me Lorang zur Fro beweegt huet, fir wee se lancéiert gouf.

De Procureur wollt nach wëssen, wat de But vun de Rumeuren iwwert de Robert Biever war. Fir den André Kemmer hätt sech näischt konkretiséiert, et wär net säi But gewiescht, fir een ze diskreditéieren, an den Detektiv hätt keng Informatioune ginn! De Georges Oswald huet du gemengt, et wär einfach, fir keng Nimm ze nennen, wann et dreckeg gëtt! An den Ae vum Me Vogel wär dat de Monde à l’envers!

Du koum et zur Konfrontatioun mam Detektiv Durand. Dee blouf, wat d'Observatioune vun de Bommeleeër-Enquêteuren a vum Robert Biever ugeet, bei sénger Positioun. Hien hätt vum Fränk Schneider a vum André Kemmer den Optrag dofir kritt; den André Kemmer séngersäits hätt säin Uerder eventuell vun engem 3. kritt.

Nodeems d'Riichterin festgehalen huet, dass ee vun deenen zwee léie géif, ass den André Kemmer och bei séngen Aussoe bliwwen!

AUDIO: Geriicht Bommeleeër/Reportage vum Nico Graf
Affäir Bommeleeër: fréieren 3te Mann vum SREL dementéiert!
An der Affäir Bommeleeër huet den André Kemmer also den fréieren 3te Mann am Geheimdéngscht enner Eed ausgesot.