Sollt et zu Neiwahle kommen, hätt d'Land dräi Méint laang keng Chamber – ee juristesche Vide, dee mat där aktueller Verfassung net z'evitéieren ass.

Hu mer den Ament Zoustänn zu Lëtzebuerg wéi am Hierscht '68? Deemools gouf d'Regierung sech net eens iwwert de Budget an huet d'Wahlen vu 1969 virgezunn.

Sollt sech esou eng Situatioun elo presentéieren, hätt d'Land dräi Méint laang keng Chamber – ee juristesche Vide, dee mat där aktueller Verfassung net z'evitéieren ass – seet den CSV-Deputéierten Paul-Henri Meyers.

D'Chamber ass fir 5 Joer gewielt, d'Wahle sinn am 1. Sonndeg am Juni, sou gesäit et d'Verfassung fir. Wëll d'Europawahlen awer am Mee sinn - muss fir 2014 d'Wahlgesetz geännert ginn - dat wier d'Situatioun wann alles normal wier an näischt virdru geschéie géif - seet den CSV-Deputéierten Paul Henri Meyers.

Paul Henri Meyers: Wann awer lo déi politesch Situatioun sech sou entwéckelt, dass et zu Neiwahle misst kommen, wann déi Hypotheese géif antrieden, da misst op Grond vum Artikel 74 de Groussherzog d'Chamber opléisen.

Deem nämmlechten Artikel no mussen dann 3 Méint, nodeems d'Chamber opgeléist gouf, Neiwahlen sinn. An der Zäit dertëschent gëtt et keng Chamber a keng Deputéiert.

Paul Henri Meyers: Wann d'Chamber opgeléist ass, no eiser jetzeger Situatioun, ass se opgeléist an domat héiert eigentlech de Mandat op. Et gëtt awer am Wahlgesetz eng Bestëmmung déi virgesäit, dass een Deputéierten, dee säi Mandat net kann zu Enn féieren, dass deen nach Recht huet op 3 Méint Indemnitéit.

Deemno géif et kee Mount ouni Paie fir d'Parlamentarier. An der neier Verfassung ass virgesinn, dat d'Deputéiert sou laang an der Fonctioun bleiwen, bis déi nei Chamber untrëtt. Déi nei Verfassung ass jo awer nach net do - an dowéinst kéim et elo zu engem juristesche Vide:

Paul Henri Meyers: Well stellt Iech emol vir, d'Chamber misst elo an deenen 3 Méint dréngend zesumme kommen. Da wier d'Fro: Wee gëtt dann do zesummegeruff? 't ass keng nei gewielt, an déi al Chamber ass opgeléist. Do ass ee gewëssene juristesche Vide, deen an deem neie Verfassungstext soll geléist ginn.
Do stellt sech also ee Probleme - d'Verfassung seet doriwwer näischt aus. D'Léisung léich eventuell beim Grand-Duc.

Paul Henri Meyers: Wann de Grand-Duc d'Chamber opléist, ass se jo eigentlech opgeléist. Si ass opgeléist gi vum Groussherzog. An d'Chamber ka vu sech aus net méi d'Decisioun huelen nach zesummenzekommen. Do giff d'Fro sech stellen, wier dann de Grand-Duc dee se opgeléist huet, abilitéiert fir se awer zesummenzeruffen? Also op déi Fro kann ech Iech selwer och keng Äntwert ginn.
Wéi wahrscheinlech ass et dann, datt et zu Neiwahlen kënnt?

Paul Henri Meyers: Oh wësst Dir, ech hu keng Glaskugel wou ech kann drakucken. Wann ech liese wat geschriwwe gëtt, wann ech eenzel Kollegen héieren, da sinn der jo eng Rei déi dovun ausginn, dass d'Probabilitéit vun Neiwahlen vun Dag zu Dag méi grouss gëtt. 

Hie géing et bedaueren, wann een net kéint mat där Aarbecht virufueren, mat där een elo ugefaangen huet - sou den Paul Henri Meyers mä...

Paul Henri Meyers: ... wësst Dir wann eng Zesummenaarbecht net méi méiglech ass, da muss een ee gewëssene Moment awer eng Decisioun huelen, déi an déi do Richtung géing goen.