"Responsabilité politique du premier ministre incontestable"

D'Reprochen, déi et an der lescht an der Affär SREL géint de Jean-Claude Juncker goufen, dierften an engem Rapport confirméiert an dokumentéiert ginn.
E Freideg kënnt d'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht beieneen, fir iwwert de Bericht vum Rapporter François Bausch ze schwätzen.
D'Memberen aus der Kommissioun kruten dee Rapport um Donneschdeg an RTL-Informatiounen no steet am leschte Saz, Zitat:
"La responsabilité politique du premier ministre est incontestable".
RTL Radio Lëtzebuerg huet dee ganze „Projet de conclusions“ virleien, dee vune Freideg un an der Enquêtekommissioun diskutéiert, finaliséiert an dann Uganks Juli an der Chamber debattéiert a gestëmmt gëtt oder och net.
Et sinn also 27 Säite mat engem Réckbléck op all déi Affairen op déi mer op dëser Antenn an de leschte Méint am Detail agaange sinn. Ëmmer nees koume jo nei Saache bäi an dofir heescht et och schonn an der Introduktioun vum Rapport, dass de Bilan vun Dysfunktionnementer an Irregularitéiten beonrouegend ass. Déi Dysfunktionnementer ginn dann och opgezielt :
illegal Ecouten, Privatleit, déi ausserhalb vum legale Kader ausspionéiert goufen, ëffentlech Gelder, déi verontreit goufen, Korruptiounsversich, eng Zort Geheimpolice am SREL, da goufen intern a konfidentiell Informatiounen aus dem Geheimdéngscht genotzt fir privat Affairen, et goufe keng kloer Reegelen am SREL a last but not least gouf d'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vum Parlament net nëmmen schlecht informéiert, mä zum Deel och nach an d'Ier gefouert.
De Rapport geet op all déi Affairen am Detail an a mécht Proposen oder Remarquen wéi zum Beispill, dass an der Zäit vum kale Krich zum Deel och Bankmouvementer op de Fiche vu Privatpersoune stoungen an d'Fro gëtt opgeworf, ob d'Bankgeheimnis systematesch violéiert gouf. An engem neie Gesetz soll innepolitesch Spionage dann och ausdrécklech verbuede ginn.
Weider Verbesserungsvirschléi sinn déi fir kloer Reegele bei der Astellung vum Personal oder och nach déi fir déi eege parlamentaresch Kontrollkommissioun z'iwwerschaffen mat engem permanente Sekretariat an Experten an där Kommissioun zum Beispill Affekoten a Riichteren.
Den LSAP Fraktiounschef Lucien Lux schwätzt vun Dysfunktionnementer, Derapagen an Illegalitéiten. Ganz grave Saachen also:
Vum Rapporter François Bausch wollte mer da wësse wéi et dann elo an der Kommissioun mat deem Rapport weider geet.
Ëmmer nees taucht dem Jean-Claude Juncker säin Numm op, oder ebe grad net op, well et steet meeschtens do, „le Premier ministre“Am Punkt 18, dem leschte Punkt vum Rapport, geet et dann och ausschliisslech ëm d'Responsabilitéit vum Staatsminister.
D'Enquêtekommissioun hält fest :
dass de Jean-Claude Juncker au courant war, dass politesch Spionage viru senger Zäit als Premier gemeet ginn ass an dass hien näischt gemeet huet, fir Liicht doranner ze bréngen. Dat ass wahrscheinlech deen am mannste schlëmmste Virworf.
Dann eng Desinformatiounspolitik vis-à-vis vun der Kontrollkommissioun, wat parallel Enquête vum SREL an der Affaire Bommeleeër a méi genee de Volet Stay Behind ugeet.
Eng Partie Saachen dann, déi op d'mannst zum Deel illegal waren : D'Ecoutten, Korruptiounsversich etc.
De Staatsminister wosst vun enger Partie penalen Delikter, huet dat awer net un de Parquet weiderginn.
Bei operationellen Dysfunktionnementer am Service goufen et keng disziplinar Suitten an d'Kommissioun kann nëmme bedaueren, dass de Jean-Claude Juncker déi betraffen Agenten net sanktionéiert huet.
Déi politesch Responsabilitéit also fir de Staatsminister. Als Haaptakteure beim SREL, déi sech falsch beholl hunn, ginn d'Häre Mille, Schneider, Kemmer a Mandé genannt. Wat illegal Ecoutten ugeet, gëtt nach d'Roll vun den Telekommunikatiounsgesellschaften opgeworf, déi esou Ecoutten ouni Austorisatioun zougelooss hunn.27 Säite Rapport, vill, ganz vill schwätzt géint de Staatsminister. Soe mer awer nach eng Kéier, dass et sech hei just ëm ee Projet handelt. De Staatsminister selwer hält sech den Ament zeréck, spéitstens wann de Rapport an d'Chamber kënnt ass et dann un him ze soen, op wéi eng Manéier hien déi Verantwortung iwwerhëlt.
An de Couloiren gëtt iwwregens och erëm um Donneschdeg ganz vill iwwer Neiwahlen am Hierscht diskutéiert.
De Jean-Claude Juncker ass en Dënschdeg invitéiert an d'Enquêtekommissioun. E Briefing fir d'Press nom Regierungsrot ass um Freideg op alle Fall keen.