Beim Premier huet sech e Mann gemellt, deen d’Bommeleeër formell identifizéiere kéint. Weider goufen et serieux Reprochen un d'Police-Direktioun.

Um Ufank vun der 52. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess huet d'Presidentin vum Geriicht de Mëtten elo d’Perquisitioun, am spéide Moien, am Justizministère confirméiert. Fir d'Sylvie Conter ass déi am Zesummenhank ze gesi mam Gesetz iwwert d’Entrave à la justice.

Donieft huet si verschidden Ännerungen ugekënnegt, wat d'Lëscht vun Zeien ugeet; Prezisioune gouf et awer keng!

De Procureur Georges Oswald huet sengersäits erkläert, hie wär den Numm vun deem Zaldot gewuer ginn, deen zur Zäit vun den Attentater zu Beideler mam Colonel Brück an där Géigend ënnerwee war.

Donieft hätt sech beim Premier Jean-Claude Juncker e Mann gemellt, deen d’Bommeleeër formell identifizéiere kéint.

Dat huet d'Riichterin zur Ausso beweegt: "Op sou ee waarde mer zanter méi wéi 10 Joer"!

AUDIO: Geriicht Bommeleeër/Reportage vum Eric Ewald

"Hutt Dir soss näischt ze dinn?"

Déi fréier Untersuchungsriichterin Doris Woltz gouf dono gehéiert. Si sot, net vum selwen drop komm ze sinn, fir am Summer 2006 mam Minister Luc Frieden iwwert d'Affär Bommeleeër ze schwätzen. De ganz geneeë Wuertlaut wéisst si net méi, mä sënngeméiss war et: "Wéini maacht Der deen Dossier zou?" an net: "Kommt Der virun?"

"Do huet net iergendee mech ugesprach, mä den deemolege Justiz- a Policeminister", sot d'Doris Woltz. Dat wär fir si d'Confirmatioun dofir gewiescht, dass si keng Ënnerstëtzung krit; si dierft dat behaapten, sou wéi de Minister de Contraire behaapten dierft!

Si hätt och gewosst, dass de Robert Biever ëmmer nees vum Minister Frieden gefrot gouf: "Hutt Dir soss näischt ze dinn?" Beim Gespréich mam Luc Frieden hätt si ronderëm de Bräi geschwat a keng Zäitschinn nenne kënnen. De Minister hätt dat sou net verstanen, huet d'Ex-Untersuchungsriichterin betount.

"Et huet mech markéiert, well een ni mat engem Minister konkret iwwer een Dossier diskutéiert huet"; si hätt sech dofir gefrot, wat de Besoin war. An hiren Aen huet de Luc Frieden als zoustännege Minister och op Grond vu Perquisitioune misse wëssen, a wat fir eng Richtung d'Enquête géif goen.

"D'ganz Police kuckt op eis!"

Fir d'Doris Woltz war d'Relatioun mam Pierre Reuland am Ufank net problematesch; et wär lassgaangen, wéi zwee Enquêteure sollte bäikommen. Si huet sech un e memorabelt Telefonsgespréich erënnert, wou de Pierre Reuland sot: D'ganz Police kuckt op eis!

Nodeems d'Andrée Colas duerch de Patrice Solagna ersat gouf, hätt si méi direkte Kontakt mat deem gehat wéi mam Pierre Reuland. Et wär zum Eklat mam Patrice Solagna komm, wéi dee keng Verlängerung méi fir d'Enquêteure wollt. De Patrice Solagna wär och aus Sécherheetsgrënn eréischt spéit iwwert d'Interpellatioun vun den Ugeklote Scheer a Wilmes informéiert ginn; an deem Kontext hätt hie gesot: "Dir maacht do e Gruef op, deen Dir ni méi zou kritt", "Sidd Der Iech bewosst, wat Der do maacht?", an "hutt Der Iech dat gutt iwwerluecht". Et hätt vum Patrice Solagna keen Appui fir d'Enquêteure ginn, an hien hätt sech net viru si gestallt.

Wat d'Gesetz iwwert d'Entrave à la justice ugeet, hätt sech de Pierre Reuland, wéi si gewuer gouf, zu engem gewëssenen Zäitpunkt dofir interesséiert. Als Fazit huet d'Doris Woltz festgehalen, dass vun enger gewësser Hierarchie vun der Police bis bei de Minister net deen Appui do war, deen an hiren Aen néideg war!

"Dacks konfliktuell Diskussiounen"

Dono koum et zur Auditioun vum Andrée Colas, déi viru Jore vun der Police judiciaire an de Justizministère gewiesselt ass. Si huet gemengt, et hätt keng Ënnerstëtzung gi vu Säite vun der Policedirectioun, d'Relatioune mat där wären ëmmer méi komplizéiert ginn an et wär dacks zu konfliktuellen Diskussioune komm. Hir op Pabeier festgehalen Ausso, "Frieden scheint genervt zu sein", stellt si net a Fro; Zitat: Wann dat do steet, hunn ech dat gesot!

D'Andrée Colas huet donieft ze bemierke ginn, dass si vill Remarquë vun Offizéieschkollege krut, am Stil: Du enquêtéiers géint d'Police, géint Offizéier. Et wär permanent zu sou klenge Gentillessë komm, an zwar vun der Police-Generaldirectioun a vun der Direktioun vun der PJ aus. Vun engem bestëmmte Moment u wär et kloer gewiescht, dass d'Enquête a Richtung Police géif goen, sou d'Andrée Colas, déi iwwregens net gefrot gouf, fir um Gesetz iwwert d'Entrave à la justice matzeschaffen!

Et gëtt och eng aktualiséiert Versioun vun den Zeien, déi d'nächst Woch solle kommen:

Méindeg – Jeff Neuens, Bob Leesch, Kristin Schmit, Guy Stebens

Dënschdeg– Pierre Reuland, Guy Schleder, Claudine Konsbrück, Robert Biever

Mëttwoch– Luc Frieden

Donneschdeg – Patrice Solagna

Perquisitioun am Justizministère!
Op Uerder vun der Riichterin Sylvie Conter sinn haut Büroen vum Justizministère duerchsicht ginn.Et geet ëm Chronologie ronderëm den Artikel 141 vum Code Penal.
Bommeleeërprozess: Neien Zeie beim Premier gemellt
Neien Zeien deen d'Bommeleeër identifizéiere kéint, huet sech beim Premier gemellt. Dat huet d'Richterin haut am Prozess matgedeelt.

Den Ausseminister Jean Asselborn war e Freidegmoien Invité um Deutschlandfunk fir iwwert d’Tierkei ze schwätzen an do krut hien och eng Fro iwwert d’Problemer hei am Land gestallt.

Jean Asselborn: Sie wissen wir sind ein kleines Land, das ist ja ein Fakt. Wir haben auch einen kleinen Nachrichtendienst, ist auch ein Fakt. Und dieser Nachrichtendienst hat sehr sehr grossen Mist gebaut in der Vergangenheit.

AUDIO: De Jean Asselborn um Deutschlandfunk (1)

Op d’Nofro hin op d’Koaltioun et packt sot hien dat hei:

Jean Asselborn: Ja ich kann mich dazu nicht äussern. Wir müssen abwarten welche Konsequenzen im Parlament gezogen werden.

AUDIO: De Jean Asselborn um Deutschlandfunk (2)

Um Enn vum Interview wosst de Journalist och net méi sou richteg wien en um Telefon hat.

Journalist vum Deutschlandfunk: Jean-Claude Juncker war das, Vize-Premier und Aussenminister Luxemburgs... Herr Asselborn...

Jean Asselborn: Da haben Sie mir viel Ehre angetan.

Journalist vum Deutschlandfunk: Danke Ihnen für das Gespräch.

AUDIO: De Jean Asselborn um Deutschlandfunk (3)