Weider Pressekonferenz vum Michel Wolter um Freidegmoien

Ëm 10.30 Auer wëll den CSV-President seng Äusserungen an déi richteg Luucht réckelen. An déi Kéier sinn och Froen zougelooss. Livestream op CSV.lu.
De Sujet vun der Pressekonferenz um Freideg am Generalsekretariat vun der CSV ass an der Invitatioun esou formuléiert:
Prise de position de Monsieur Michel Wolter, Président du CSV, au sujet des présumées menaces envers des journalistes de la radio 100,7.
Nodeems seng Aussoen an der Chamber iwwert de Quelleschutz vum soziokulturelle Radio déi aner Woch fir eng grouss Kontrovers gesuergt haten, hat de Michel Wolter ewell um Méindeg e Statement ofginn - deemools waren awer keng Froe vun de Journalisten zougelooss ...
Op CSV.lu ass d'Pressekonferenz vum CSV-President en direct ze suivéieren.