Um Freideg ass eng éischte Kéier iwwert de Rapport an d'Konklusioune vum Rapporter François Bausch geschwat ginn. Dee Rapport läit RTL vir.

„De Rapport vun der Enquêtëkommissioun Geheimdéngscht muss komplett sinn, equilibréiert a sengen Aussoen, awer ferm an de Konklusiounen, och wat d'politesch Responsabilitéit vum Premier Jean-Claude Juncker ugeet“: Dat sot de Kommissiounspresident Alex Bodry kuerz viru Mëtteg no der éischter Reunioun, an där sech d'Commission d'enquête mat deem Rapport a v.a. mat de Konklusioune vum Rapporteur François Bausch befaasst huet.

De President vun der Kommissioun huet bedauert, dass dem Rapporteur seng Konklusiounen am Virfeld vun der Reunioun vun haut public goufen, well déi d'Meenung vun enger eenzeger Persoun erëmspigele géifen. D'Commission d'enquête wéilt eng serieux Aarbecht maachen, déi net um Fong kéint attackéiert ginn, an hirem Optrag gerecht ginn. An der iwwernächster Reunioun, e Mëttwoch, geet Rieds iwwert d'politesch Responsabilitéiten; do virdru gëtt en Dënschden nach emol de Statsminister gehéiert.

Et gouf um Freideg an der Kommissioun Kritik un eenzelne Formulatioune vum François Bausch, well deem seng Konklusiounen zevill eesäiteg wären. D'Diskussioune waren awer net opgereegt, sou den Alex Bodry, fir deen d'Kommissioun hir Aarbecht wéi geplangt virum Ufank vun der grousser Vakanz ofschléisse wëll. Bis dohi sinn nach 6 Sëtzunge virgesinn.

AUDIO: Den Alex Bodry mat Erklärungen (1min47)

Projet de conclusion

E Freidegmueren hu se also eng éischte Kéier driwwer diskutéiert, iwwert de proposéierte Rapport vum François Bausch.

Dem Nico Graf sinn e puer Punkten opgefall.

„transmis au parquet“ - déi dräi Wieder dauche ganz heefeg op am virleefege Rapport, se bedeiten einfach, datt d'Enquête-Commissioun bestëmmte Virgäng un d'Justiz weiderginn huet, well se mengt, datt sech Delikter oder Crimen derhannert verstoppen. Am Resumee sinn et 5 Fäll: déi vum illegalen Handel mat Autoen, déi vun de sëllechen illegalen Ecouten, déi vun der cryptéierter CD, wou d'Gespréich Premier-Grand-Duc soll drop sinn, déi Affär vum Auere-Gespréich Mille-Juncker, an déi vun der geheimer Police am Geheimdéngscht, déi op angeblechen Pedophilies-Dossierë geschafft huet, och géint de Procureur Robert Biever.

D'Affär Bommeleeër ass jo nawell vill present an der SREL-Affär an also och an dësem Rapport. Notamment do wou iwwert de Briefing geschwat gëtt, deen d'SREL-Leit dem Premier an dem Luc Frieden ginn hunn. De Rapport muss feststellen, datt de SREL op eege Fauscht iwwert d'Bommeleeër enquêtéiert huet, datt d'Regierung d'Justiz doriwwer net informéiert huet an datt se eben eng stay-behind-Theorie iwwert d'Attentater haten, ouni d'parlamentaresch Kontrollkommissioun doriwwer ze informéieren, eng Kommissioun déi awer monter huet doriwwer recherchéieren dierfen 2008. Wat am Fong eng ganz besonnesch Frechheet vis-à-vis vum Parlament ass. Kënnt derbäi, datt dee Briefing deemools enregistréiert ginn ass, e weider illegaalt Enregistrement, dat ganz lues a lues erauskomm ass. De Marco Mille huet dat eréischt viru 14 Deeg zouginn a gesot, déi Kopie wier zerstéiert ginn an hien hätt Uerder ginn, all aner Kopie vun deem Enregistrement ze zerstéieren. De Rapport freet, firwat iwwerhaapt wuel enregistréiert ginn ass. D'Ursaach kéint d'Theorie iwwer eng parallel stay-behind-Struktur sinn. Gemengt ass natierlech de Volet Sabotage vum stay-behind – iwwer deen hei am Land nach ganz wéineg gewosst ass.

Eriwwer da bei de méi kommerzielle Volet vun de SREL– a Sandstone Aktivitéiten. D'Entreprise Sandstone ass jo ze soen am SREL gegrënnt an aus dem SREL eraus organiséiert ginn. Am Rapport gëtt aus engem Bréif vun engem net genannten héije Fonctionnaire vum Staat zitéiert. Deen hätt 2008 scho gewarnt, Sandstone wier iergendwéi eppes hallef-staatleches an de Frank Schneider hätt säi Wëssen a seng Kontakter mat eriwwer an déi privat Sécherheetsentreprise geholl a giff Informatiounen iwwer zukünfteg Clienten sammelen op Basis vu Renseignementer, déi hien als chef d'opérations vum SREL krut. Also e grousse, geféierlechen Duercherneen vu profitabelen Informatiounen.

Do ass wuel nach net alles gesot a nach net all Konsequenz gezunn.

Et sief drun erënnert, datt wéint dem Aueren-Enregistrement vum Premier duerch de Marco Mille kengem Responsablen eppes geschitt ass: de Frank Scheider huet dierfen Sandstone grënnen an de Marco Mille ass bei Siemens gaang. Deen enzegen deen elo suspendéiert ginn ass, dat ass dee klengsten, den André Kemmer.

Srel Rapport :Äntwerten e Mëttwoch ?
Deputéiert aus Enquêtekommissioun huelen fréistens d'nächst Woch e Mëttwoch zu der Fto vun den politeschen Responsabilitéiten Stellung !

Alex Bodry am Tageblatt

Wat ass ënner politescher Responsibilitéit ze verstoen? Doriwwer mécht sech de President vun der Enquêtekommisisoun Alex Bodry um Samschdeg an engem Artikel am Tageblatt Gedanken.

D'Parlament, sou seng Konklusioun, uerteelt net driwwer, ob ee Minister schëlleg ass oder net – mä doriwwer, ob en seng politesch Responsabilitéit iwwerholl huet.

D'Chamber ass kee Geriicht – an et wier keng gutt Iddi, d'Diskussioun vun der politescher Responsabilitéit an d'Direktioun vun enger Schold ze dirigéieren, sou de President vun der LSAP.

Esou eng Strategie géif just eng weider Konfusioun an den ëffentlechen Debat erabréngen.

Penal Konsequenzen?
Kritt Affaire ronderëm Aktivitéiten vum Geheimdéngscht penal Konsequenzen?Déi Fro steet nach op.
Méiglech Nei-Wahlen: Wéi ass d'Stëmmung beim Wieler
Tatsach ass, sollt d'Regierung zerécktrieden an d'Chamber opgeléist, missten bannent 3 Méint nei gewielt ginn.