Bommeleeër: Prënze Jean a Guillaume wëllen aussoen!

© RTL (Archivbild)
Um Méindeg kuerz virun 18 Auer huet den Haff confirméiert, datt déi 2 Prënzen als Zeien aussoe wäerten a mat Ongedold op en Urteel waarden.
Am Kontext vum Bommeleeërprozess léisst den Haff also wëssen, dass d'Prënze Jean a Guillaume als Zeie wäerten optrieden a sech drop freeën. Se wäerte sech och net hannert iergendwelleche juristeschen Artikele verstoppen. Am Viséier ass do den Artikel 510 vum Code d'Instruction criminelle, deemno Prënzen net als Zeie kënne citéiert ginn.
Am Schreiwes vum Haff heescht et:
Leurs Altesses Royales les Princes Jean et Guillaume de Luxembourg ont démontré, par leur présence au tribunal lors de l’ouverture du procès Bommeleeër, en février dernier, leur détermination résolue à remplir leur devoir de citoyen.
Ils feront de même en venant témoigner au procès lorsqu’ils seront appelés à le faire et confirment ainsi ne jamais avoir envisagé d’invoquer en leur faveur l’application des dispositions contenues dans les articles 510 et suivants du code d’instruction criminelle.
Tenus par leur obligation de réserve avant d´avoir été entendus par la justice, les Princes attendent avec impatience le jugement qui devra faire toute la lumière sur cette affaire.
Am Artikel 510 vun deem Code heescht et:
Chapitre V. - De la manière dont seront reçues, en matière criminelle, correctionnelle et de police, les dépositions des princes et de certains fonctionnaires de l'Etat.
Voir C. instr. crim., art. 69s; 155s; Décret 4 mai 1812.
Art. 510. Les princes ou princesses du sang impérial, les grands dignitaires de l'Empire et le grand-juge ministre de la Justice, ne pourront jamais être cités comme témoins, ....... si ce n'est dans le cas où l'Empereur, sur la demande d'une partie et le rapport du grand-juge, aurait, par un décret spécial, autorisé cette comparution.
Chronik vum Méindeg
Um Ufank vum 53. Dag am Bommeleeër-Prozess huet de Me Philippe Penning, Affekot vum Staat, erkläert, dass a sengen Aen d'Ministere Luc Frieden a Jean-Claude Juncker ënner Eed als Zeie kéinte gehéiert ginn. De Staatsminister wéilt dat och maachen.
Doropshin huet d'Presidentin vum Geriicht gemengt, si géif egal wéi dovun ausgoen, dass de Jean-Claude Juncker d’Wourecht géif soen, "wéi iwwregens all Zeien".

Déi zwee Ugeklot virum Geriichtssall ...
De President vun der Gewerkschaft vun den Offizéier, Alain Engelhardt, huet um Ufank vu senger Ausso eng Relatioun zum Pierre Reuland zouginn. Seng Schwéiermamm, sou de Gewerkschaftspresident, ass d'Cousine vun der Fra vum Pierre Reuland. Dee wär op seng Hochzäit invitéiert an och 2005 oder 2006 op e Schi-Weekend zu Engelberg mat gewiescht, am Géigesaz zum Minister Luc Frieden. Dass Bommeleeër-Enquêteuren dozou nogefrot hätten, huet den Alain Engelhardt, Zitat, "speziell fonnt".
Op d'Fro vum Sylvie Conter, firwat sech grad just de Pierre Reuland an de Guy Stebens hu kënnen abréngen, sot de President vun der Gewerkschaft, hien hätt an där Qualitéit gehandelt a mat jidderengem, deen dat wollt, wëlle schwätzen. Et hätt een deenen zwee awer gesot, wéi d'Gewerkschaft hir Positioun zum Gesetztext - et geet ëm d'Entrave à la justice - géif gesinn. Allerdings hätten och 21 Deputéiert beim Vote vun deem Gesetz déiselwecht Meenung gehat, sou den Alain Engelhardt, fir deen d'Gewerkschaft fräi vun allem Drock hir Meenung gesot an näischt ze verstoppen hätt.
Du koum et zu engem Fro an Äntwert-Spill mam Zeien.
Me Vogel: Firwat hutt Dir deen Text net gutt fonnt? Et stounge just banal Saachen dran!
Riichterin Sylvie Conter: An et geet net duer hei ze soen, dat war de Comité!
Procureur Georges Oswald: Wat wollten de Pierre Reuland an de Guy Stebens? Si si jo net komm, fir Kaffi ze drénken!
Me Lorang: Et gouf vun deenen zwee en evidenten Intérêt un deem Gesetz!
Alain Engelhardt: Ech wosst, wat se wollten! Wat hunn ech falsch gemaach?
Riichterin Sylvie Conter: No där Entrevue mat Pierre Reuland a Guy Stebens waart Der géint dee kriddelege Passage!
Alain Engelhardt: Firwat däerf ech net mat engem Member vun der Gewerkschaft schwätzen? Mir haten eng aner Relatioun zu deenen zwee...
Riichterin Sylvie Conter: Dir sot, Dir wollt Iech net virun de Won spane loossen, an awer hutt Der se ëmmer informéiert!
Alain Engelhardt: Dat huet sech sou erginn, an et war en normale Reflex!
Me Lorang: Firwat hutt Der dem Pierre Reuland e Feedback ginn?
Alain Engelhardt: Dat hu mer net gemaach!
Me Lorang: Hutt Der dann och allen anere Memberen e Mail gemaach, fir se z’informéieren?
Procureur Georges Oswald: Gouft Der vun deenen zwee ënner Drock gesat?
Alain Engelhardt: Mir haten eng fest Positioun, an et ass vun hinne keen Drock gemaach ginn.
Riichterin Sylvie Conter: Dir wollt, dass dee kriddelege Passage géif erauskommen!
Op d'Fro vum Procureur Georges Oswald, ob d'Gewerkschaft dann och beim Ministère intervenéiert hätt, huet den Alain Engelhardt betount, et hätt ee keng aner Démarchë gemaach!
Me Vogel: Hat Der virun e puer Deeg e Briefing mat der weiderer Zeie Kristin Schmit vun der Poliss? Hutt Der Iech ofgeschwat an hir eppes recommandéiert?
Alain Engelhardt: Neen!
Procureur Georges Oswald: Hutt Der mat Pierre Reuland a Guy Stebens iwwert den Dossier Bommeleeër geschwat?
Alain Engelhardt: Neen! A wann déi zwee eppes falsch gemaach hunn, solle se bestrooft ginn.
Riichterin Sylvie Conter: Firwat maacht Der dann de Contraire mam Gesetz?
Me Lorang: Mengt Der, Dir géift iwwert dem Gesetz stoen?
Dono war et um Tour vum Kristin Schmit, Sekretärin vun der Gewerkschaft, déi vun enger Demande vu Pierre Reuland a Guy Stebens geschwat huet, fir iwwert dee Gesetztext ze diskutéieren. Op Grond vun enger Mail vum Guy Stebens un den Alain Engelhardt wär doriwwer gekuckt ginn. Mat engem kriddelege Passage ("hypothèse courante d’obstruction de la justice") wär ee gewerkschaftlech net d’accord gewiescht, well en net präzis war.
Zum Saz “il faut trouver des exemples pour éviter le Bommeleeër” war et d'Ausso, dass ee Beispiller wollt sichen, fir net a Kontakt ze komme mam Bommeleeër-Prozess. D'Gewerkschaft hätt sech Gedanke gemaach iwwert den Text u sech, deen net kloer gewiescht wär.
Wouropshin d'Sylvie Conter gemengt huet, et géif en Ënnerscheed ginn tëscht "net kloer" an eppes aus engem Gesetztext erauszehuelen!
D'Presidentin vum Geriicht huet si gefrot, ween eppes am Text an deem Sënn geännert huet, dass dee Passage sollt aus dem Text verschwannen. D'Kristin Schmit huet geäntwert, si hätt dat, Zitat, vläicht mam Alain Engelhardt sou “développéiert”! Sënngeméiss wollte mer Präzisiounen, sou d'Gewerkschaftlerin.
Gouf et nach eng Entrevue mat Pierre Reuland a Guy Stebens, wollt d'Sylvie Conter wëssen. Dem Kristin Schmit no wollt d'Gewerkschaft eng Plus-value, an et hätt ee Memberen net kënne lénks leie loossen. Dat war vläicht ongeschéckt, mä kee schlechte Wëllen, sot d'Sekretärin.
D'Kristin Schmit huet nach gemengt, no enger Entrevue mat der DP-Fraktioun iwwert de Gesetztext hätt een de Pierre Reuland doriwwer informéiert, dass d'Gespréich gutt verlaf wär! Wouropshin de Me Vogel vun engem Freudsche Lapsus geschwat huet! D'Polizistin sot, am Nachhinein wär dat e bësse speziell, ier d'Sylvie Conter ze bedenke ginn huet, dass een als Offizéier vläicht virdru sollt iwwerleeën an net dono!