A politesche Kreesser gëtt ëmmer méi haart iwwer Neiwahle geschwat. Offiziell soll bei der CSV iwwert d’Verfassungsreform geschwat ginn ...

En Donneschdeg ass jiddefalls eisen Informatiounen no den Nationalrot beieneen. Dat ass dee Gremium an der Partei, deen ënnert anerem d’Ministeren nennt.

Deen Datum ass awer scho méi laang ofgemaach gewiescht an offiziell soll iwwert d’Verfassungsreform geschwat ginn, Neiwahle sinn offiziell keen Thema.