Bis Enn der Woch kënnt d'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht vun der Chamber all Dag zesummen, fir den Ofschlossrapport ze finaliséieren.

An ënnert de Membere vun de verschiddene Parteien openeen ofzestëmmen.

Bis elo läit jo just d'Appreciatioun vum Rapporter, dem François Bausch vun deene Grénge fir. Senger Meenung ass déi politesch Responsabilitéit vum Premier net ze kontestéieren.

Um Dënschdeg de Mëtteg hunn d'Membere vun der Kommissioun nach ee weideren Echange mam Staatsminister an dem Chef vum Geheimdéngscht Patrick Heck.

Et ass virgesinn, datt de Rapport d'nächst Woch en Donneschdeg an der Kommissioun presentéiert an ugeholl gëtt, ier en dann virun der Summervakanz an de Plenum kënnt.