Enquêtekommissioun: Wéi eng Zukunft fir de Geheimdéngscht?

Méi Kontrollen, méi Sécherheeten: En Dënschdeg goufen de SREL-Direkter Patrick Heck an dono de Premier Jean-Claude Juncker vun der Kommissioun gehéiert.
Um Ordre du jour vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht vun der Chamber stoung um Dënschdeg e Meenungsaustausch iwwert déi zukünfteg Orientéierung vum Geheimdéngscht SREL. Geruff gi waren dowéinst den aktuelle Chef vum Geheimdéngscht Patrick Heck an de politesche Responsable vum SREL, de Premier himself.
Den Direkter an de politesch Responsabele hunn an der Kommissioun hir Verbesserungsvirschléi presentéiert.
Méi Kontroll
De Premier huet der Kommissioun seng Proposë presentéiert. Et soll zum Beispill méi schwéier ginn, Wanzen ze setzen, andeems den zoustännege Minister muss informéiert an e Riichtergremium den Accord muss ginn.Nieft dem Extremismus huet de Premier och d’Wichtegkeet vum Geheimdéngscht am wirtschaftleche Kontext ënnerstrach. De Grand-Duché wier net vu Wirtschaftsspionage verschount.
De SREL soll och limitéierten Accès op Fluchdaten an op Bankdonéeë kréien, wann et de Premier nogeet. De Jean-Claude Juncker wëll och am Gesetz verankeren, dass keng innepolitesch Spionage dierf gemaach ginn.
Nieft senge Proposë fir eng Reform ass de Jean-Claude Juncker op de Pädophilie-Rapport vum SREL ugeschwat ginn. Hie wier zu engem gewëssenen Ament iwwert ee Pädophilie-Reseau zu Esch an d’Bild gesat ginn an do wier och den Numm vum Robert Biever gefall.
Als Rappel: De Robert Biever hat jo op senger Pressekonferenz gesot, e wier vum Premier gefrot ginn, ob en eigentlech wéisst, dass en ee Puff zu Esch huet.
Um Enn vun der Sëtzung huet de Premier nach eemol d’Wuert gefrot, fir sécher ze sinn: "Hutt Der dann och soss wierklech keng Froe méi?"
Um Mëttwoch kënnt d‘Enquêtekommissioun nees beieneen, da geet et ëm de Volet vun der Responsabilitéiten wat d’Dysfonctionnementer am SREL ugeet.

An der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gouf um Dënschdeg och de Point gemaach mam aktuellen Direkter vum SREL. De Patrick Heck huet den Deputéierten ee Bilan gemaach vun all deem, wat scho geschitt ass, fir de Service ze verbesseren an et waren och Proposen, fir weider ze reforméieren.
De Patrick Heck huet nach eemol kloer gesot, dass verschidde Leit Prozeduren a Reegelen net respektéiert hunn. Den Direkter vum SREL huet kloer ze verstoe ginn, dass d’Vertraue gelidden huet an dass manner Informatioune vun den auslänneschen Déngschter kommen. Op mannst wieren d’Informatioune manner detailléiert.
De Patrick Heck huet och kloer ze verstoe ginn, dass villes schif gelaf ass, an dass deelweis jiddereen op seng Aart a Weis geschafft huet. Do hätten sech awer an de leschte Joren, nom Depart vun e puer Leit 2008, eng Partie Saache positiv geännert.
