Um 54. Dag huet d'Presidentin vum Geriicht festgehal, dass sech d'Zesummenaarbecht tëscht de Policegewerkschaften an der Justiz nach net verbessert huet.

D'Riichterin Sylvie Conter huet eng Perquisitioun an eng Saisie bei der Policegewerkschaft APUC ugekënnegt; déi wollt de Bommeleeër-Enquêteuren nämlech en eegene Communiqué zum Gesetz iwwert d'Entrave à la justice net an d'Hänn ginn! Viru goung et mat der Suite vun der Auditioun vun der Sekretärin vun der Offizéiesch-Gewerkschaft. An och déi ass net zur Zefriddenheet vun den eenzelne Parteien ofgelaf.

D'Kristin Schmit blouf bei hirer Ausso, dass d'Gewerkschaft Präzisiounen zum Gesetztext iwwert d'Entrave à la justice wollt kréien; och hätt een onofhängeg vun den zwee Membere Pierre Reuland a Guy Stebens gehandelt. Déi haten de Riichteren, dem Parquet an der Défense no e groussen Intérêt dorun, a fir d'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter war kloer, dass sech d'Gewerkschaft awer virun deenen zwee hir Kar spane gelooss huet!

An der Sëtzungspaus huet de Me Vogel gemengt, dass d'Offizéier an der Police entweder Sabbeler sinn oder no un der Grenz tëscht Ligen a Wourecht ënnerwee sinn.

Dono huet de fréiere Member vun der Offizéiesch-Gewerkschaft Jeff Neuens ausgesot. Dee krut, kuerz nodeems Pierre Reuland a Guy Stebens ofgesat waren, en Telefon vun engem Syndikatskolleg. Deen huet hie gefrot, ob een de Pierre Reuland ënnerstëtzen oder him an de Réck fale sollt. Hie wär weder fir dat eent, nach fir dat anert gewiescht. De Polizist, deen als éischte vun den Offizéier e glafwierdegen Androck gemaach huet, sot, d'Gewerkschaft hätt dunn awer de Pierre Reuland ënnerstëtzt a wär domat der Justiz an de Réck gefall; doropshin hat hien aus der Gewerkschaft demissionnéiert! Wéi den Zeien du sot, hien hätt mam Enquêteur Joël Scheuer iwwert d'Bommeleeër-Affär geschwat, huet de Me Vogel erkläert, domat wär de Secret de l’instruction violéiert!

De Bob Leesch, President vun der Offizéiesch-Gewerkschaft zur Zäit vum Ofsetze vu Pierre Reuland a Guy Stebens, huet dono betount, de Syndikat hätt e Communiqué fir déi zwee erausginn. Op d'Fro vum Sylvie Conter, ob et net eréischt no enger Entrevue vum Zeie mam Pierre Reuland Support fir dee gouf, huet de Bob Leesch geäntwert: Ech mengen net! Villméi hätt ee relativ direkt decidéiert, de fréiere Policechef z’ënnerstëtzen, obwuel sech den deemolege Gewerkschaftspresident Gedanke gemaach hätt iwwert d'Inzidenz, op de Pierre Reuland an de Guy Stebens, vum Gesetz iwwert d'Entrave à la justice.

Iwwert de Pierre Reuland gouf also nees vill geschwat. D'Me Lorang freet sech dann och, firwat grad elo op dee geschoss gëtt.

An der Fro, wéi d'Gesetz iwwert d'Entrave à la justice genee entstanen ass, gouf et um Enn vun der Sëtzung nach interessant Erkenntnisser. Déi baséieren op den Dokumenter, déi d'Enquêteuren d'lescht Woch saiséiert hunn. Den Enquêteur Joël Scheuer huet et sou resüméiert: Déi eenzeg, déi wéinst dem Avant-projet de loi intervenéiert wären, waren net d'Gewerkschaften, mä déi zwee degradéiert Poliziste Guy Stebens a Pierre Reuland. Ënnert dem Justizminister Luc Frieden war dat Gesetz an den Tirang geluecht ginn, méi nach: De Passage iwwert d'Strafvereitelung im Amt war carrément duerchgestrach. D'Gesetz ass eréischt ënnert dem nächste Justizminister François Biltgen ervirgeholl a gestëmmt ginn.

D Datume sinn bei dësem Sujet eppes ganz wichteges. An zwar aus deem einfache Gronn, well de Luc Frieden nëmme bis zu de Wahlen 2009 Justizminister war, duerno war et de François Biltgen. An den Avant-projet de loi ass 2008 ausgeschafft ginn an deen Avant-projet ass am Dezember 2008 am Ministère an en Tirang classéiert ginn an ass eréischt ee Joer drop ënner dem François Biltgen erëm erausgeholl ginn.

An den Zoustand vum Avant-projet de loi am Tirang war interessant: dee wichtege Passage iwwer d'Strafvereitelung im Amt, dee war einfach ausgestrach ginn, ouni datt bis ewell gewosst ass vu wiem.

Wéi de Projet no de Wahlen 2009 erëm op den Instanzewee sollt geschéckt ginn, dunn huet d' Beamtin Claudine Konsbruck dem François Biltgen e Bréif geschriwwen, wou se eben freet, ob dat sollt geschéien. Absolument, äntwert de Francois Biltgen. An d'Claudine Konsbruck huet an hirem Bréif ausdrécklech Referenz gemat op de Bommeleeër-Prozess, deen eventuell kéim a wou dat Gesetz eng Roll spille kéint. An d'Claudine Konsbruck huet och geschriwwen, am Joer 2008 wier den Avant-projet dorunner gestuerwen, datt d'Gewerkschaften esou réactions véhémentes dergéingt gehat hätten. D'Enquêteuren hunn also no entspriechenden Dokumenter gesicht – a näischt fonnt. A se hunn bei de groussen a klenge Police-Gewerkschaften nogefrot – an erausfonnt, datt den Avant-projet ni gesinn haten. De Saz vum Claudine Konsbruck iwwer déi verhement Reactiounen vun de Gewerkschaften war also rätselhaft. Bis de Marco Mathekowitsch, der Claudine Konsbruck hire Virgänger am Justizministère. ausseet, de Kontakt mat de Gewerkschaften hätt de Beamten Guy Schleder gehalen. An an eiser Emissioun Background e Samsden huet de Luc Frieden gesot, hien hätt iwwer dat Gesetz een oder zwee Mol mat den Häre Reuland a Stebens geschwat. Conclusiounen aus all deem um Geriicht: et gouf am Joer 2008 keng hefteg Diskussioun iwwer deen Text a keng Gewerkschaft huet am Joer 2008 protestéiert, mä nëmmen déi direkt concernéiert Pierre Reuland a Guy Stebens, vläit iwwer de Guy Schleder, wahrscheinlech direkt beim Luc Frieden. Deen iwwregens, gëtt a Justizkreesser gesot, an der Emissioun Background sämtlech chronologesch Bezich duerchernee geheit hätt, fir d' Spuren ze verwëschen.

De Pierre Reuland an de Guy Stebens hunn 1985 all Enquête iwwer déi avortéiert Observatioun vum Ben Geiben verhënnert an domat d' Spur Ben Geiben verwëscht, sot de Joel Scheuer um Geriicht, an déiselwecht zwee Männer hätten beim Luc Frieden d' Gesetz iwwer d' entrave à la justice mat dem Paragraf Strafvereitelung im Amt verhënnere wëllen. D' These ass net nei, mä se krut neit Fudder um Geriicht, op Grond vun den Dokumenter, déi am Justizministère perquisitionnéiert gi sinn an op Grond vun den Aussoen vun de Gewerkschaftler bei den Enquêteuren.

D'Géigeniwwerstellung tëscht dem Guy Schleder an dem Procureur Robert Biever, déi mat Spannung erwaart gouf, ass aus zäitleche Grënn op e Mëttwoch verréckelt ginn. Och d'Claudine Konsbrück aus dem Justizministère seet eréischt dann aus.

Polizeigewerkschaft am Bommendossier weider enner Drock
Wei geschter opgehale gouf, as et haut weider gaang.

AUDIO: Geriicht Bommeleeër/Reportage vum Eric Ewald