"Affidavit": Eng eidesstattlech Erklärung, déi Froen opwërft

De Fränk Schneider, fréiere SREL-Mann a Grënner vu Sandstone.
De Frank Schneider huet seng Firma Sandstone als eng Zort ökonomesch Spionage-Entreprise, déi de Staat finanzéiert hätt oder finanzéiere giff, virgestallt.
D'Entreprise Sandstone gëtt vum Staat finanzéiert, fir de wirtschaftleche Patrimoine ze protegéieren. Esou beschreift de fréiere Geheimdéngschtmann Frank Schneider seng Sécherheetsgesellschaft an engem "Affidavit" fir en israelescht Geriicht - e Schrëftstéck, dat RTL virläit.
Aus der "eidesstattlecher Erklärung" vum Frank Robert Schneider kritt een en ongewéinlechen Abléck an dat, wourëms et hei am Land méi dacks hannert de Kulisse geet: enorm Geldsommen, verschachtelt Entreprisen, Hannermänner, Stréimänner, Leit, déi net méi un hiert Geld kommen – mä ass et dann hiert? -, an aner Leit, déi anere Leit vläit wëllen hiren enorme Fric ofhuelen, mä hunn se dat wierklech probéiert?
A matzendran d'Lëtzebuerger Police, déi géint de Blanchiment schafft an iergendwéi och de Geheimdéngscht an – eben – Sandstone, déi als eng Entreprise presentéiert gëtt, déi d'Regierung finanzéiert hätt, en ligne mat der Politik, fir de Patrimoine économique ze schützen.
Den Affidavit ass 31 Punkte laang. Um Punkt 1 seet de Frank Schneider, hie wéilt den Arcadi Gaydamak an engem Zivil-Prozess an Israel ënnerstëtzen.
Den Arcadi Gaydamak ass e russeschen Oligarch, e Milliardär, dee mat allerhand onduerchsichtege Geschäfter op der Bourse, am Pëtrol- an am Waffenhandel enorm räich ginn ass. Hien ass vu Gebuert aus e Russ, huet awer 4 Päss – e franséischen, e kanadeschen, en angolaneschen an en israeleschen – a wunnt an Israel. International esou richteg bekannt ginn ass hie wéint dem ominéisen Angola-Gate, e komplizéierte Skandal, wou an den angolanesche Biergerkrich Waffe geliwwert gi sinn en Echange mat Rechter un Diamanten a Pëtrol. Dowéinst gëtt et am Frankräich en Haftbefehl géingt de Gaydamak.
Am Punkt 8 vu sengem Affidavit schreift de Frank Schneider, am Joer 2004 – du war hien nach beim SREL – wier hien duerch en Police-Offizéier iwwer eng Enquête an enger Bank informéiert ginn. Do komme Stréimänner an d'Spill an och Fongen an op eemol stellt sech eraus, datt den Hannermann vun allem eben den Arcadi Gaydamak wier – kréien d'Lëtzebuerger Police an de SREL aus Israel gesot.
Et geet ëm déi enorm Zomm vun 360 Milliounen Dollar. Et gëtt vill Hin an Hier, den Angola-Gate kënnt hei zu Lëtzebuerg an d'Gespréich, déi eng wëllen d'Geld, deen aneren, de Gaydamak, och. De Frank Schneider schreift, d'Lëtzebuerger Autoritéiten hätten dunn erausfonnt, datt kee Blanchiment am Spill war, datt d'Geld deblockéiert kéint ginn an datt de Gaydamak de rechtméissege Proprietaire wier - an op eemol war d'Geld fort, iwwer de Joreswiessel 2005-2006.
Géint de Schluss - Punkt 28 - seet de Frank Schneider, de Gaydamak giff Plainte maachen zu Lëtzebuerg géint zwee vu senge fréiere Vertrauten.
An da kënnt den interessante Punkt 29: De Frank Schneider seet, hien hätt de Potential, fir de Fall ze léisen, wëllen exploréieren, well nämlech hie wier - Zitat - director of a Luxembourg government-funded economic intelligence firm, created in-line with the policies of protection of Luxembourg's economic heritage. Sandstone also wier eng Zort ökonomesch Spionage-Entreprise, déi de Staat finanzéiert hätt oder finanzéiere giff, fir de Patrimoine économique ze schützen.
Dat schreift de Frank Schneider de 25. Oktober zejoert, e puer Wochen, ier op RTL de SREL-Skandal bekannt ginn ass.
Mat dësem Affidavit ass kloer, datt de Frank Schneider Informatioune benotzt huet an divulgéiert, déi hie bei a wéint senger Aarbecht am Geheimdéngscht kritt huet; kloer ass och, datt hie Sandstone zejoert nach als staatlech gefërdert Entreprise verstanen huet. An datt Lëtzebuerg – a verschiddene Rollen als Bankeplaz, als Police, als SREL – am ganz groussen unduerchsiichtege Geld-Spill matspillt.
Den Affidavit vum Frank Schneider ass entretemps wäit verbreet, an der Justiz an an der Chamber.
En ass wéi eng Fënster an eng friem Welt, déi eis Bankeplaz ass.
A wou de SREL et ses annexes sech erëmdreiwen.