E Mëttwoch gouf probéiert, Liicht an d'Donkel ze bréngen, wien d'Gesetz iwwert d'Entrave à la justice verhënneren, veränneren, käppen, sabotéiere wollt ...

Am Bommeleeër-Prozess ass um Mëttwoch versicht ginn erauszefannen, wien am Joer 2008 probéiert huet, d'Gesetz iwwer d'Entrave à la justice esou ze veränneren, datt de Paragraf iwwer d'Strafvereitelung im Amt net méi dra wier.

AUDIO: Bommeleeër-Prozess: Resumé vum 26. Juni vum Nico Graf.

D'Gesetz ass jo am Dezember 2008 an den Tirang geluecht ginn a gouf eréischt – a senger ursprénglecher Form – am Abrëll 2010 erëm op den Instanzewee bruecht.

D'Beamtin Claudine Konsbrück aus dem Justizministère konnt nëmme soen, si hätt (Zitat) "vun uewen" gesot kritt, et hätt "vehement Reklamatioune" géint dat Gesetz ginn. Ob déi elo vun der Police oder vun der Gewerkschaft komm wieren, konnt si viru Geriicht net soen. Hir Virgesetzten hätten hir vun de Protester geschwat, also den Här Mathekowitch oder de Luc Frieden. Festleeë konnt sech d'Claudine Konsbrück net.

De Me Vogel, Affekot vun engem vun den 2 Ugekloten, war domat net zefridden: Dat Wuert "vehement" wier schonn e ganz staarken Terme an dee kéint een net einfach esou an d'Welt setzen. Um Enn, esou säi Bilan, wier näischt erauskomm.

AUDIO: De Me Vogel iwwert d'Entrave ...

No ongeféier enger Dräivéirelstonn huet d'Beamtin Claudine Konsbruck aus dem Justizministère e bësse genervt gesot, si hätt de Luc Frieden am "Background" op Radio Lëtzebuerg jo héieren, an de Minister hätt gesot, hien hätt d'Entrave-Gesetz en suspens gehalen.

D'Claudine Konsbrück sot um Enn vun hirer Auditioun nach e ganz däitleche Saz, deen hei: Wéi d'Gesetz ënner dem François Biltgen erëm op de Leescht geholl ginn ass, do hätt si vu sech aus den urspréngleche Projet erëm proposéiert, well dat dee beschte gewiescht wier, deen si och mam Procureur général Robert Biever ugangs 2008 scho preparéiert hat.

No der Claudine Konsbrück huet de Guy Schleder ausgesot. Do goung et awer drëms, datt den degradéierte Police-Chef Pierre Reuland sech bei him iwwer dat neit Entrave-Gesetz beklot hätt. Hien, de Guy Schleder, wier doriwwer offusquéiert an irritéiert gewiescht: "De Pierre Reuland war bei mir an huet seng Enttäuschung zum Ausdrock bruecht iwwert den Text. Sengen Objektioune wier net Rechnung gedroe ginn."

RTL

De Guy Schleder vum Justizministère: Am Mee 2010 wier de Pierre Reuland op eemol stënterlech bei him am Ministère gewiescht, fir seng - Zitat - Verwonnerung, Enttäuschung an Irritatioun iwwer dat neit Gesetz mat der Strafvereitelung im Amt dran auszedrécken. An hien, de Guy Schleder, wier sengersäits irritéiert an offusquéiert gewiescht iwwer dem Pierre Reuland säi Behuelen. Dee wollt och nach wëssen, wat fir eng praktesch Auswierkungen dat Gesetz hätt, ob et retroaktiv - also an d'Joer 1985 – géif wierken. De Guy Schleder huet hien dunn opgekläert, d'Gesetz giff do gräifen, wou haut e Fonctionnär der Justiz d'Wouerecht net géif soen. / © RTL (Archivbild)

De Guy Schleder, deen als ganz rouege Mann duergestallt gouf, sot sech selwer iwwerrascht; anerer hunn dat aus sengem Mond als schockéiert, offusquéiert ausgeluecht.

Presidentin vum Geriicht huet net laang ronderëm de Bräi geréiert an de Fanger an d'Wonn geluecht: Och schonn deemools hätt ee sech jo awer denke kënnen, datt de Pierre Reuland intervenéiert huet, well hien dovun ausgoe konnt, vläit eemol selwer vun deem neie Gesetz iwwert d'Entraves à la justice viséiert ze sinn ...

Dat huet de Guy Schleder net negéiert.

Dono gouf thematiséiert, wéi de Pierre Reuland den Androck konnt ginn, datt hie quasi Assurancen hätt oder gehat hätt, datt d'Gesetz net géif kommen oder net esou géif kommen.

An där Hisiicht waren d'Aussoe vu Schleder a vum Robert Biever, dee géint Enn vun der Sëtzung och präsent war, deckungsgläich, ma weder deen een, nach deen anere konnte vun engem Deal tëscht Minister a Policebeamte schwätzen. Esou wäit wollt kee goen.

Zitat Biever: "Hunn ni gesot, de Frieden hätt dem Reuland eppes versprach!" - Éischter: De Reuland hätt d'Gefill gehat, d'Gesetz géif net kommen oder héchstens esou, wéi hien et gewënscht huet. De Robert Biever war sech och net méi sécher, ob den Numm Frieden an deem Kontext iwwerhaapt gefall ass ...

D'Presidentin vum Geriicht war och an deem Punkt ganz lucide: Reaktioun a Verhale vum Här Reuland loosse sech just erklären, wann et virdrun ewell Demarchë gouf. Wou kéime soss déi "Assurancen" oder den Androck, Assurancen ze hunn, vum Här Reuland hier?

Trotzdem hat een den Androck, a senger Konfrontatioun mam Guy Schleder, dem Administrateur général am Justizministère, hätt de Procureur général d'Etat um 55. Dag vum Bommeleeër-Prozess e Réckzéier gemaach! De Robert Biever huet nämlech erkläert, hie wéisst net méi, ob den Numm vum Minister Luc Frieden gefall wär am Kontext vun enger Visite vum suspendéierte Policechef Pierre Reuland am Ministère; d'lescht Woch hat de Procureur d'Etat nach betount, de Pierre Reuland hätt dem Guy Schleder dobäi gesot, de Gesetztext iwwert d'Entrave à la justice géif net deem entspriechen, wat mam Minister ofgemaach gi wär. Fir de Robert Biever wär awer kloer gewiescht, dass déi Ausso sech op de Minister bezéie géif.

De Robert Biever sot och nach, de Luc Frieden hätt e Samschden an der Emissioun Background am Gespréich op Radio Lëtzebuerg en Amalgam mat den Datume gemaach. Déi breet Kritiken um Entrave-Gesetz wieren eréischt nom Abrëll 2010 komm; d'Gesetz war awer ewell virdrun am Dezember 2008 op Äis geluecht ginn.

Zitat Biever: "Kritiken um Gesetzprojet sinn nom Text Biltgen komm. Datt et virdru Kritike gouf vu Police oder Gewerkschaft oder DP oder ADR, ass guer net bekannt."

Frieden um Donneschdeg

De fréiere Justizminister Luc Frieden ass um Mëttwoch net méi gehéiert ginn; hien ass elo - nodeems e sech awer als Zeie presentéiert hat - fir en Donneschdeg an de Prozess bestallt ginn.

Mat wéi engen Zeie geet et elo weider?

Um Mëttwoch den Owend huet d'Justiz an aktualiséierte Planning verschéckt:

Jeudi, le 27 juin 2013 – Luc Frieden, Marc Mathékowitsch, Patrice Solagna

Lundi, le 1er juillet 2013 – Pierre Reuland, Guy Stebens

Mardi, le 2 juillet 2013 – Réserve

Mercredi, le 3 juillet 2013 – Jeff Neuens, Philippe Schrantz

Allerdéngs ass de Patrice Solagna bis den 18. Juli krank geschriwwen ... wouriwwer sech de Me Vogel sech nawell opgereegt an och net verstoppt huet, wat en dovunner géing halen ...

Bommeleeër-Prozess: Afloss vu Policespëtzt?
Huet déi deemolech Policespëtzt Afloss op de Minister Luc Frieden gehol wat d'Gesetz iwwert d'Behënnerung vun der Justiz ugeet, dat war haut ee vun den Themen.