D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht war um Donneschdeg nees zesummen, fir iwwert hire Rapport ze diskutéieren.

An der Fro vun der politescher Responsabilitéit ass d'Kommissioun awer just e Meter virukomm, wéi de President Alex Bodry duerno vis-à-vis vun der Press sot. Den Alex Bodry sot d'DP an déi Gréng hätte positiv op seng Propose reagéiert an d'CSV hätt nach guer keng Stellung geholl. Si brauch nach Zäit fir intern Diskussiounen a wëll hir Positioun e Méinde bekannt ginn. Dat sollt déi lescht Sitzung vun der Kommissioun sinn, d'Memberen hunn awer decidéiert, datt se sech en Dënschden och nach emol erëm gesinn.

AUDIO: SREL: Den Alex Bodry

3 Stonne laang war d'SREL-Enquêtekommissioun um Mëttwoch zesummen, fir iwwer de Projet vum Rapport, iwwer d'Konklusiounen also, ze beroden. Mer waren eis eens, sot de President vun där Kommissioun, Alex Bodry, datt penal an disziplinaresch Responsabilitéiten vun eenzelnen Agenten vum SREL , bestinn. Donieft wär sech d'Kommssioun och eens datt géif eng penale Responsabilitéit vum freiere SREL Direkter Marco Mille virleien.

Wat déi politesch Responsabilitéit vum Staatsminister als politesche Chef vum Geheimdénscht ugeet, sot den Alex Bodry, datt d'Kommissioun sech och do eens wier, datt et eng politesch Responsabilitéit géif ginn, dobäi misst awer nach ënnerscheet ginn: Seng Appreciatioun ass, esou de President vun der SREL Enquêtekommissioun, datt et nieft enger objectiver Responsabilitéit vum Jean-Claude Juncker, och géifen eng Rei vun Elementer op eng subjective, eng perséinlech Responsabilitéit also, hiweisen.

Seng Fraktioun géif déi Appreciatioun deelen, mä doriwwer géif et awer nach kee Konsens an der Chamberkommissioun ginn, mä um Donneschdeg ginn déi Diskussioune weider.

CSV freet Bedenkzäit
CSV freet Bedenkzäit bis e Méindeg,fir sech an der Fro vun der politescher Verantwortung a punkto SREL-Affär ofzestëmmen.
SREL: Responsabilitéit vum Premier?
Muss engem Minister perséinlecht Feelverhalen nogewisen ginn, oder ass een responsabel just well een verantwortlech fir den Service ass?