Leit, déi vum Geheimdéngscht bespëtzelt goufen an an Tëschenzäit hiren Dossier gefrot hunn, hu sech zesummegedoe fir sech auszetauschen.

Eng Feststellung, déi déi Betraffen direkt gemeet hunn, ass, datt dat wat si als Dossier kruten, laang net komplett ass. Dat muss net onbedéngt beim SREL sinn, soen déi Betraffen, mä kann och bei der Gendarmerie, der Arméi, der Police, der Sureté oder soss éierens sinn.

Egal wéi hätten déi Betraffe gär, datt all Akten an Ënnerlage geséchert ginn, egal wou se sinn, datt eng onofhängeg Autoritéit e Regëster vun deene Persounen an Organisatiounen opstellt, déi bespëtzelt goufen an datt se doriwwer informéiert ginn an datt en onofhängegt Gremium déi ganz Affaire historesch, politesch a juristesch opschafft.

Bespëtzelt Bierger interpelléieren d'Enquêtekommissioun.
All Akten missten geséchert ginn. Eng onofhängeg Kommissioun misst e Regëster vun de betraffenen Persounen an Organisatiounen opstellen an déi informéieren.