De Privatdetektiv Durand sollt net d'Bommeleeërenquêteuren iwwer dem Passbureau observéieren, mä de Passbureau selwer.

De Privatdetektiv Durand, dee vum André Kemmer fir de SREL recrutéiert gouf, sollt net d'Bommeleeërenquêteuren iwwert dem Passbureau observéieren, mä de Passbureau selwer, dat schreift d'Lëtzebuerger Land um Freideg a presentéiert eng delikat Geschicht an där den Tountechniker M. Am Mëttelpunkt steet.

Deen M also deen de Geheimdéngscht driwwer informéiert huet, datt et eng Opnahm vun engem Gespréich tëscht dem Premier Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc gëtt. E Gespréich dat jo op enger kryptéierter CD verstoppt soll sinn.

Am Bommeleeërprozess hat den André Kemmer jo dementéiert, datt den Durand op d'Bommeleeërenquêteuren an de Procureur ugesat gi war. Wat net bedeit, datt de recrutéierten Detektiv keng Observatiounen op där Plaz gemaach huet.

Observatiounen also op de Passbureau. Hannergrond vun den Observatioune soll den M. gewiescht sinn, deen déi Zäit Problemer hat Visae fir Fraen aus Thailand ze kréien.

Déi Fraen sollten offiziell als Ingenieurinnen fir seng Firma schaffen a fir eng kuerz Zäit op Lëtzebuerg kommen. Si konnten awer ganz dacks nëmme wéineg englesch schwätzen an hätten hir Méi gehat en technesche Katalog z'iwwersetzen. Wat hir offiziell Aufgab sollt sinn.

Datt de belsche Privatdetektiv an Thailand sollt goen, kéint dem Land no, och eppes mat dëser Geschicht ze dinn hunn.

D'Problemer vum M. fir Visaen ze kréie wieren op eemol geléist gewiescht, nodeems den Techniker mat  engem Fonctionnaire aus dem Wirtschaftsministère driwwer geschwat hätt. Dee wier vu sengem techneschen Know-How impressionéiert gewiescht a wier zu Konklusioun datt de sporadeschen Deplacement vun Thailännerinnen op Lëtzebuerg gerechtfäerdegt wier.  Zanterhier wieren dem M. seng Relatioune mam Wirtschaftsministère exzellent gewiescht.  Hien hätt ënnert anerem de Jeannot Krecké op enger Wirtschaftsmissioun 2008 an Thailand begéint an him säi Business do gewisen, sou d'Land.

Weder de Kommissiounspresident, nach de Rapporteur wollten e Freideg de Mëtten, am Virfeld vun der Kommissiounssëtzung, eng Ausso maachen. De President Alex Bodry huet gemengt, et wär een net eng Kommissioun iwwert den Tountechniker M., iwwerdeems dës Affär fir de Rapporteur François Bausch keen Afloss op de Schlussrapport vun der Kommissioun hätt, dee jo déi aner Woch soll virgeluegt ginn. D'CSV huet sech bekanntlech, wat d'politesch Responsabilitéit vum Premier Jean-Claude Juncker ugeet, Bedenkzäit bis e Méindeg ginn, dobäi schéngt et och ze bleiwen.

An der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht huet d'CSV um Freideg eventuell een Dag méi Bedenkzäit gefrot, also bis en Dënschdeg. De President vun der Kommissioun Alex Bodry huet awer gemengt, dass een déi Aarbechten virum Summer wëll ofschléissen, dass een net op d'Zäit spille sollt, an dass een de Rapport egal wéi en nächsten Donneschdeg wëll ofginn.

Matdeelung vun der Redaktioun vun RTL.lu:

Am Interesse vun eisen Utilisateuren a vun enger Concernéierter hu mir d'Commentaire-Funktioun ënnert dësem Artikel desaktivéiert. Mir bieden dofir ëm Versteesdemech. Virdrun hat de Me Fritsch eis dëse Message zoukomme gelooss.

Avertissement à:@molli @Jukebox-on-Tour @Eieiei @Alfred Mathias @Marcellus, etc.etc.

Veuillez noter que je suis le conseil juridique de Madame MEKSAEN NAPASSORN, ingénieur en électronique, demeurant à Bangkok, Thaïlande.

Ma mandante a été informée des commentaires parfaitement racistes, sexistes, dénigrants et dégradants qui visent sa personne.

Je vous somme par la présente d'arrêter immédiatement vos commentaires extrèmement honteux !

J'ai mandat de déposer plainte pénale contre toute personne qui porte atteinte à l'honneur et la probité de ma mandante !

s. Marco FRITSCH
Avocat à la Cour
Luxembourg