RTL-Ëmfro: 54% géint Neiwahlen, 63% géint JCJ-Récktrëtt

Exklusiven TNS-Ilres-RTL-Sondage iwwer SREL, Bommeleeër an Neiwahle mat deels iwwerraschende Resultater ...
54% vun enge 750 vun TNS-Ilres gefrote Leit soten, datt se net derfir sinn, datt d'Regierung sollt zrécktrieden an et domat sollt zu Neiwahlen kommen.
D'Fro am exklusiven RTL-Sondage gouf natierlech gestallt am Kontext mat den Dysfunktionnementer beim SREL respektiv dem Bommeleeër-Prozess.

Interessant och, datt 63% vun de gefrote Leit soten, datt de Staatsminister net sollt demissionéieren, och 60% vun den LSAP-Wieler mengen, datt de Jean-Claude Juncker sollt op sengem Posten bleiwen, och wann hien d'politesch Responsabilitéit dréi, fir dat, wat beim SREL geschitt ass.
Analyse vun den Zuelen
Et sinn dach awer Tauxen am aktuelle Sondage, déi ee kënne verwonneren. Esou ass nëmmen een Drëttel vun den LSAP-Wieler derfir, datt de Premier wéinst de rezenten Affäre sollt zrécktrieden, do hat ee sech vläit eng aner Tendenz erwaart, mengt och de Charel Margue vun TNS-Ilres, dee betount, datt och 52% vun den DP-Wieler net fir eng Demissioun sinn an och 47% vun de Gréng-Wieler sinn net fir eng Demissioun. "Dat sinn der all Kéier méi wéi déi, déi am eegene Camp soen, de Premier soll demissionéieren."

Eng balancéiert Ausso dann bei der Fro no Neiwahlen, wou 54% géint esou virgezunne Wahlen sinn, an 42% domat d'accord wieren. Vrun allem eeler Leit iwwer 65 Joer wëllen net, datt soll nei gewielt ginn. D'Situatioun schéngt de Leit ze eescht, fir Neiwahlen ze riskéieren, duerfir sinn och 72% vun de sondéierte Leit der Meenung, datt d'Chamber duerchaus soll mat hiren Aarbechte weiderfueren.
De Premier bräicht op alle Fall a sengem eegene Camp gutt Argumenter fir Neiwahlen, well vill vun den CSV-Wieler verstinn dat, si wëlle weder datt hien zerécktrëtt, nach datt d'Regierung zerécktrëtt.
Trotz Gemauschels an Dysfunktionnementer sinn 58% am aktuellen RTL TNS Ilres dogéint fir de SREL ofzeschafen, och wann awer bal 90% vun de Leit soen, e misst reforméiert ginn. De Charel Margue: Mir hunn duebel esou vill Leit, déi soen, mir wëllen e Geheimdéngscht halen, wéi déi, déi en ofschafe wëllen.

Um Enn da nach en aneren Taux an zwar deen vun 71% vun de sondéierte Leit, déi soten, datt de Staatsminister duerchaus d'politesch Responsabilitéit fir dat dréint wat beim SREL geschitt ass...och 50% vun CSV-Wieler gesinn dat esou, grad wéi 75% vun LSAP-Wieler.De Sondage ass déi lescht 3 Deeg bei 755 Wieler duerchgefouert ginn.