Déi privat Sécherheetsentreprise Sandstone ass mat der Ënnerstëtzung vun e puer Ministère gegrënnt ginn, sou de Frank Schneider am Interview.

Dat seet de Sandstone-Chef Frank Schneider, dee jo bis 2008 am SREL geschafft huet. Hien hat virun 8 Méint an enger eidesstaatlecher Erklärung fir en israelescht Geriicht geschriwwen, Sandstone wier vum Staat finanzéiert ginn an et freet ee sech, wéi de Frank Schneider drop kënnt dat ze schreiwen. Bis ewell war gewosst, datt Sandstone quasi am Geheimdéngscht virbereet ginn ass a vun der SNCI eng Millioun Startkapital krut. De Frank Schneider seet et haut esou: De Staat huet Sandstone finanzéiert mat engem Prêt vun enger Millioun Euro. Dat wiere vill Suen, fir een elegant lasszeginn. Déi Firma gëtt gebraucht zu Lëtzebuerg, dofir gouf se gegrënnt. Verschidde Ministere waren néideg, fir hiren Appui ze ginn. De Ministre de Tutelle vun der SNCI war de Wirtschaftsminister, de Finanzplang vun der staatlecher Säit war iwwregens mat annerhallwer Millioun dotéiert.

Eng aner, manner politesch, mee trotzdeem wichteg Fro, déi sech stellt ass déi, op de Frank Schneider mat sengem Affidavit fir e russeschen Oligarch net géingt d'Protection des sources vum SREL verstouss huet. Neen, seet hien, seng Informatioune kéimen all aus open sources. Interessant ass och, datt de Frank Schneider mat sengem Beruffs-Wëssen, sengem Geheimdéngschtwëssen, an d'Privatwirtschaft gaang ass. Hien kéint dach säi Kapp net ausschalten, nëmme just well hien den Employeur wiesselt a behaapt och: Ech hu keng klasséiert SREL-Infoe fir mäi Business gebraucht. Déi Business-Pläng si bekanntlech - siehe oben – an diverse Ministèren virbereet an ofgeseent ginn.

AUDIO: Suivi Affidavit/Reportage Nico Graf