Enquêtekommissioun: Rapport en Donneschdeg ofseenen

D'CSV huet Bedenkzäit bis en Dënschdeg gefrot, fir Positioun ze bezéien.
An der CSV dierften de Weekend iwwer wichteg Diskussioune lafen. Si wëll sech nämlech ugangs nächster Woch festleeën, wat d’Responsabilitéiten an der SREL-Affär ugeet.
Eigentlech sollt d’Positioun e Méindeg stoen. Um zwou Auer kënnt d’Enquêtekommissioun beieneen. Et huet awer och scho geheescht, et wéilt ee Bedenkzäit bis en Dënschdeg, wou och nach eng Reunioun geplangt ass.
De President Alex Bodry hält op alle Fall um Plang fest, fir de Rapport en Donneschdeg ofzeseenen. Noutfalls, misst een nach di eng oder aner Nuetssëtzung aleeën.
Di Woch drop gëtt dann am Plenum iwwert de Rapport diskutéiert.
Am meeschte gelies