... wa sech d'Verstéiss géint de Rechtsstaat an den Dossiere Bommeleeër a SREL als wouer erweisen.

D’LSAP-Sektioun vun Esch huet sech um Samschdeg de Moien zesummegesat, fir déi aktuell politesch Situatioun z’analyséieren an eng gemeinsam Positioun auszeschaffen.

Et gouf festgestallt, dass d’Affäre SREL a Bommeleeër d’Vertraue vun de Bierger ënnerguewen, besonnesch d’Eegeliewe vum SREL géif de Grondprinzipie vun engem Rechtsstaat am héchste Mooss widderspriechen. All d’Fakte missten op den Dësch kommen an déi politesch Responsabel zur Rechenschaft gezu ginn, heescht et an engem Communiqué.

Zanter 1995 wier den aktuelle Staatsminister verantwortlech a beschtefalls kéint een unhuelen, dass de Jean-Claude Juncker deen Déngscht ouni déi néideg Suergfalt gefouert huet. Politesch Verantwortung géif och heeschen, perséinlech Konsequenzen droen.

Sollten sech d’Verstéiss géint de Rechtsstaat definitiv confirméieren an d’Parlament no enger demokratescher Debatt zur selwechter Konklusioun kommen, da féiert der Escher LSAP no kee Wee laanscht Neiwahlen.