Den Defense-Affekot huet virun allem Offizéier am Viséier, déi schonn am Prozess opgetruede sinn.

Géint e puer fréier Gendarmë gëtt elo jo an der Affaire Bommeleeër nei enquêtéiert. Dat huet de Procureur Georges Oswald en Dënschdeg ugekënnegt an de Juge d'instruction a seng Enquêteure schaffe schonn.
Dat ass zanter dem 121. Prozessdag gewosst. Mä wat ass mat all de Plainten, déi de Maître Gaston Vogel annoncéiert hat?

AUDIO: Bommeleeër: Wéi geet et elo weider, Me Vogel? Rep. Nico Graf

Zeg Nimm hat de Gaston Vogel am Prozess genannt, Nimm vu Leit, déi eng Plainte ze erwaarden hunn. Um Mëttwoch de Muere seet hien dat hei:

"Déi Plaintë si praktesch fäerdeg, schonn eng länger Zäit. Ech hunn nach de Verbatim bestallt vum Geiben haut. An ech hunn och de Verbatim vum Charel Hoffmann bestallt. Dat gëtt eng Allround-Plainte. 't ass e wéineg fréi. 't deet mer leed, datt een net déi Plaintë vum Stay behind hätt kënnen direkt hannendrun hänken.

De Gaston Vogel huet d'Offizéier am Viséier, déi schonn am Prozess opgetruede sinn - wéi Harpes a Geiben an och de Rôle vum Verstuerwene Jos Steil interesséiert de Maître, well den Numm Steil jo dacks mat deem vum Geiben a Verbindung bruecht gëtt ...

An ee weideren Numm dierft op der Lëscht vum Affekot net fehlen: de "Bourg".

De Gaston Vogel mengt awer och guer net, datt dem Procureur général Robert Biever seng Linn géint d'Brigade mobile Succès hat. Am Géigendeel, wéinst der Plainte an dem Prozess géingt Scheer a Wilmes wier de Prozess elo an der Sakgaass.

Den Affekot bedauert, "datt mer net un de Stay behind komm sinn". Dat wier da fir d'Zukunft!

Wann et dann eng Zukunft gëtt fir dëse Prozess. Well fir de Gaston Vogel ass et evident: Dëse Prozess stierft u laangwierege prozedurale Froen.