"O, da maacht alt, wat der wëllt."

Am November 2005 gesäit den deemolege Premier Jean-Claude Juncker den RTL-Zeien Eugène Beffort. Den Nico Graf kuckt op déi memorabel Entrevue zeréck.
Am Bommeleeër-Prozess huet de fréiere Premier Jean-Claude Juncker haut, um Dënschdeg, 25. Februar 2014 säin Optrëtt. Et geet ëm d'Attentat um Findel an ëm seng Entrevue mat dem RTL-Zeien Eugène Beffort.
Den 11. November 2005, op Radio Lëtzebuerg, owes um 18 Auer: RTL mellt, datt de Premier mam Zeie schwätze wëll an datt deen och just mam Premier schwätze wëllt ...
Den 11. November 2005 war e Freideg, de Premier hat um Briefing reagéiert op den RTL-Zeien, deen um Findel e bekannte Personnage gesinn hat, an hat dësen Appel lancéiert: "Ech hätt gär, datt dee Mann mech kontaktéiert ... fir mir ze soen, wien e gesinn huet."
A just iwwerdeems de Premier um Briefing schwätzt, ass den Eugène Beffort op enger Parkplaz zu Conter mat eis aner, Reporter. Hien huet kee Vertrauen a keen – déi wëllen all just Carrière maachen – seet hien, wëll awer mat engem schwätzen:
"Mam Staatsminister géing ech eventuell schwätzen. Riicht eraus. Op enger neutraler Plaz."
"Showdown" am Raum 167A
De Weekend geet erduerch, d'Zeitunge sinn voll mat dem RTL-Zeien a mat dem Premier, déi sech begéine wëllen. An d'Police recherchéiert, wien den RTL-Zeie wier. An am Hannergrond lafen d'Gespréicher. Resultat: Méindes owes, de 14. November, sollte sech de Jean-Claude Juncker an den Eugène Beffort treffen, am Radio um Kierchbierg. Deen Éischten, dee kënnt, ass den Eugène Beffort. Getraut huet hie kengem an huet als sécheren Zeie säi Kolleg Roland Block matbruecht. Am Raum 167A, e puer Dëscher, vill Telefonen, um éischte Stack am Radiosgebai, do waarde si op de Premier. Deen huet e bësse Verspéidung. Dat läit un der Press. Déi hunn him opgelauert a Journaliste sinn him nogefuer, bis hie se verdreift mat enger bloer Luucht, déi hien op den Dach vum Auto setzt. Empfangs-Comité am Radio sinn d'Cheffen: den Alain Berwick, den Tom Graas an de Marc Linster.
Am 167A setzen de Marc Thoma an ech an déi zwee Männer vun der Dupont. De Premier kënnt an de Raum – a begréisst den Eugène Beffort emol direkt mat sengem Numm. Domat war kloer: Hie wosst, bei wien hie kéim. An huet direkt och ze verstoe ginn, hei sinn LCGB-Kollegen ënner sech. Kee Wonner: op der enger Säit den Eugène Beffort mat senge grousse Schaffhänn a senger rauer Stëmm, hien ass en Aarbechter wéi duer gespaut. An du geet et lass. Den Eugène Beffort erzielt seng Nuecht vum 8. op den 9. November, den Auto, de Personnage, wéi en deen erëmerkannt huet, wéi hie vun obskure Leit verfollegt ginn ass, datt hie kengem méi traue géif. An du koum de kruziale Moment. Wien hätt den Eugène Beffort dann do gesinn? A genee wéi mat eis huet den Eugène Beffort och mam Premier e bëssen erëmgedruckst, wéi wann haart driwwer schwätzen en Tabubroch wier ...
An dunn decidéiert hien, dem Premier den Numm op en Ziedel ze schreiwen, gëtt dem Premier deen Ziedel, deen otemt déif – hat wuel seng Ahnung, datt de Prënz op deem Ziedel stoe géif – a seet, et wier jo kloer, datt hien dat do un de Procureur weider droe géif. Duerno geet d'Gespréich iwwer d'Bommeleeër weider. Den Eugène Beffort huet seng Verdachtsiddie geäussert, z.B. géint de Ben Geiben, deen hien – an deem seng Gespréicher – vun Hollerech hier kenne géif oder iwwer de Fernand Rau, dee wuel eppes gewosst hätt.
JCJ: "Muss dat sinn?"
Alles frëndlech a bon enfant. D'Journaliste sëtzen do nozelauschteren an opzeschreiwen, de Roland Block lauschtert och no. An enger Kaffispaus mierke mer, datt eis Cheffen um Gank nervös op an of lafen a sech froen, firwat et esou laang dauert.

An dunn ass et eriwwer. De Premier fiert nach erop an d'Radio-Redaktioun, setzt sech op dem Marc Linster säi Stull a kuckt, wéi wann e sech géif Suerge maachen, dee Mann do, den Eugène Beffort, ass nun emol credibel.
De Marc Linster seet: "Mir mellen dat da mar de Mueren, datt d'Entrevue RTL-Zeie mam Premier statt fonnt huet." - "Muss dat sinn?", freet de Jean-Claude Juncker queesch. De Litti seet: "Jo, dat ass eisen Job." An de Premier seet: "O, da maacht alt, wat der wëllt."
An esou kënnt et: Dënschdes mueres ass aus dem RTL-Zeien de Juncker-Zeie ginn.