Am Bommeleeër-Prozess ass et um Dënschdeg den Optrëtt vum fréiere Premier Jacques Santer als Zeien. De Jacques Santer war jo 1985 Regierungs-Chef.

De Jacques Santer war domat och Chef vum Geheimdéngscht.Am Februar 2008 huet hien den RTL-Reporter nico graf a Marc Thoma en Interview ginn. Dat war just e puer Méint no der faméiser Pressekonferenz vum Procureur Robert Biever a ganz kuerz nodeems de Pierre Reuland an de Guy Stebens vun der Police-Spëtzt ecartéiert gi waren.

De Jacques Santer sot deemools: Hie war den éischten, deen doriwwer erstaunt wier. Hie wier aus alle Wolleke gefall, wéi hien déi Beschëllegung héieren hätt Wat Reuland a Stebens ugeet, géif et keng Staatskris ginn, well d'Institutioune jo géinge funktionéieren. All politesch Parteie sollen elo och net iwwerdreiwen, well jiddereen wier jo dra verwéckelt. Et wier jo sou, datt et hei ëm Regierungskoalitioune geet. Et misst ee Vertrauen an eis Justiz hunn. Si géif hire Wee maachen.