Um Dënschdeg huet déi mat Spannung erwaarten Depositioun vum Jacques Santer ugefaangen. 2 Deeg si fir si virgesinn. - Defense wéinst Aussoen ausser sech!

De Premier zur Zäit vun den Attentater sot, et wären zwou Explosiounen zu Beideler geschitt, wéi hie Staatsminister gouf, an de Comité permanent de la sécurité wär direkt decidéiert ginn.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 13. Mee vum Eric Ewald.

Dem Me Vogel no wär deen awer eréischt am Hierscht 1985 zesumme komm, wéi scho 15 Attentater geschitt waren.

Net geschafft, net informéiert, ongehalen ...

De Jacques Santer huet gemengt, hien hätt geduecht, dass dee geschafft hätt; e wär ënnert der Responsabilitéit vum Justizminister Robert Krieps gelaf. Hie wosst déi Zäit näischt iwwer Informatiounen a wär ongehale gewiescht iwwert d'Enquête, déi net viru goung, wéi de Minister Krieps och; deen hätt sech beméit, mä d'Ministere wären näischt Geneeës gewuer ginn. Et wär och net permanent am Ministerrot iwwert d'Attentater geschwat ginn, dofir awer um Bord dovun.

Fir de Jacques Santer konnt de SREL, deem säi Chef hie war, net an d’Enquête intervenéieren a war am Comité permanent de la sécurité dran; hien hätt sech och driwwer gewonnert, wéi bekannt gouf, dass de Geheimdingscht just Zeitungsartikele gesammelt hätt, an deen hätt sécherlech kënne méi aktiv ginn. De SREL-Chef Charel Hoffmann hätt hien all 3 Méint gesinn, an deen hätt sech driwwer beklot, dass e géif à l’écart gehale ginn; dat wär vläicht geschitt, well e mam Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes net eens gouf.

Net zesummegeschafft, net alles matkritt ...

Op d'Fro vun der Me Lorang, firwat d’Enquête net viru goung, huet den deemolege Premier geäntwert, et géif schéngen, dass d’Zesummenaarbecht net fonctionnéiert hätt.

AUDIO: Me Vogel iwwert Jacques Santer: Lamentabilissime!

D'Me Lorang huet du gefrot, firwat d'Regierung deemools net sot "Elo verdrot Dir Iech", an de Me Vogel, firwat déi Responsabel keng Disziplinarenquêtë gemaach kruten. Dem Jacques Santer no gouf et deemools e Gefill vun Dysfonctionnementer; hien hätt gemengt, dass d'Enquête géif normal weiderlafen, et wär net alles un hien erugedroe ginn an hien hätt näischt vu verschiddene Saache matkritt.

RTL

© RTL (Archivbild)

Sou vill Zoufäll vläit kee Pech ...

De Jacques Santer huet betount, näischt iwwert d'Observatioun vum Ben Geiben gewosst ze hunn; hien hätt awer Rumeuren iwwert de Grënner vun der Brigade mobile matkritt. De Ben Geiben hätt hien awer net kannt. De Premier zur Zäit vun den Attentater weess och näischt vum Rapport vum SREL-Agent Armand Kaudé iwwer Verdachtsmomenter géint de Jos Steil, am Zesummenhank mat der Iwwerwaachung vum Ben Geiben; dee Rapport hätt hien allerdings ni gesinn. De Politiker schléisst net aus, dass souvill Zoufäll an der Enquête kee Pech sinn a sot, "bass erstaunt" ze sinn iwwer verschidde Saachen.

Op d'Remarque hi vun der Me Lorang, et hätt kee sech an der Regierung fir dës Affär interesséiert, sot de Jacques Santer, hie wär ganz ongehale gewiescht an hätt seng eege Suerge gehat; hien hätt awer kee Feedback kritt. Hien hätt eng Kéier vun enger waarmer Spur geschwat kritt, mä dat hätt keng Suitte gehat.

Wéi d'Me Lorang frot, wat d'Regierung konkret gemaach hätt, huet de Jacques Santer op en Neits op de Comité permanent de la sécurité verwisen; hie wär dovun ausgaangen, dass deen d'Saach géif an d'Hand huelen.

De Jacques Santer huet nach ënnerstrach, näischt vun enger Observatioun vum Statsrot ze wëssen an dass eppes oder een am Justizpalais gesi gouf; hien hätt awer no deem Attentat mam Justizminister a mam SREL-Chef doriwwer geschwat.

VIDEO: Bommeleeër-Prozess, 166. Dag
Santer: "Ongehalen" a "bass erstaunt" a "vläit keen Zoufall"