"Ganz sécher net! Ech weess et net!" Esou den Éierestaatsminister op d'Remarque vum Me Vogel, hie wéisst, wien d'Bommeleeër wieren.

Zweeten Deel vun der Depositioun vum Premier zur Zäit vun den Attentater.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 14. Mee vum Nico Graf.
AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 14. Mee vum Eric Ewald.

De Jacques Santer huet um Mëttwoch gemengt, de Justizminister Robert Krieps hätt hie wuel 1985 iwwer eng Mésentente an der Enquêtenequipe informéiert; et wär schwiereg gewiescht, mat verschiddene Leit ëmzegoen, an hien hätt ni selwer Kontakt mam Aloyse Harpes gehat.

Am Ministerrot wär och net decidéiert ginn, fir Sanktiounen ze huelen, an hie wéisst net, wéi den zoustännege Minister do verfuer wär; et wär awer net um Staatsminister gewiescht, fir eng Disziplinarenquête ze lancéieren. Op alle Fall hätt den zoustännege Minister him net formell gesot, et misst eppes ënnerholl ginn, an de Minister Marc Fischbach hätt näischt iwwer Problemer mam Colonel Harpes gesot.

Déi Zäit wär keng Banalitéit gewiescht, an et hätt een ee Moment u Fonctionnairen als Insider geduecht; de Comité permanent de la sécurité war awer aktiv, sou de Jacques Santer, an deem sengen Aen dee Comité fonctionnéiert hätt.

Fir de Jacques Santer wär et och net normal gewiescht, dass hien 2007 fir d’éischt gehéiert gi wär; dat hätt éischter kënnen de Fall sinn. Dem deemolege Staatsminister no géif ee jo och spieren, dass verschidde Leit wéissten, ween et war!

Op d'Remarque vum Me Vogel, hie wéisst et, huet de Jacques Santer geäntwert: "Ganz sécher net! Ech weess et net!" Doropshin huet de Me Vogel gemengt: "Dir wësst näischt vun näischt!"

Reaktioun op CSV-Attacken

De fréiere Premier huet erkläert, nei Elementer an de leschte Woche matkritt ze hunn, an hien hätt d'Impressioun, dass verschidde Leit méi wéisste wéi dat, wat se hei verzielt hätten. Mat senger Ausso, dass "all d’Parteien involvéiert waren", hätt hien déi am Viséier gehat, déi nëmmen d’CSV attackéiere wollten, sou de Jacques Santer.

Hien hätt kengem vu bausse gefollegt a sech ni mam Ex-Untersuchungsriichter Jean-Mathias Goerens a mam deemolege Procureur Robert Biever iwwert d’Affär ënnerhalen, sou de Premier zur Zäit vun den Attentater.

Net mam Grand-Duc geschwat

D'Me Lorang wollt du wëssen, ob den Zeie mam Grand-Duc Jean iwwert d'Attentater geschwat hätt. "Ganz sécher net!", huet de Jacques Santer erkläert. Hie kéint sech net un eng Diskussioun mam Staatschef iwwert d'Bommeleeër erënneren; hien hätt net d’Impressioun, dass et an d’Detailer goung, an hätt de Grand-Duc net informéiert.

De Me Vogel huet du gefrot, ob den Zeien nom leschten Attentat op d’Haus vum Colonel Jean-Pierre Wagner bei de Grand-Duc convoquéiert gi wär, wat hien do gemaach hätt an ob iwwert d'Demissioun vum Prënz Jean geschwat gi wär.

Kenntnis vu Rumeuren

De Jacques Santer huet geäntwert: "Wann ech do war, dann hu mer doriwwer geschwat." Hie wéisst et net, géif et awer net ausschléissen. De Prënz Jean hätt sollen aus der Trounfolleg eraus, sou den Ex-Premier, deen awer a kengem Moment eng Relatioun mat der Bommeleeër-Affär gemaach hätt. Hien hätt Kenntnis gehat iwwert d'Rumeuren am Zesummenhank mam Prënz, awer net mam Grand-Duc doriwwer geschwat, well hien net doru gegleeft hätt; hien hätt awer wuel mam Hofmarschall doriwwer geschwat.

Phantombiller nee, Stay-behind jo

De Jacques Santer huet och betount, näischt iwwer Phantombiller ze wëssen, déi sengerzäit gemaach goufen. Wat de Stay behind ugeet, sou wär hien 1984/85 vum SREL doriwwer gebrieft ginn; hien hätt deemools en Exposé kritt, zesumme mat engem anere Minister. Op eemol wär 1990 eng Polemik entstane ronderëm den italienesche Gladio, an am November hätt hien eng Deklaratioun dozou an der Chamber gemaach, sot de Premier zur Zäit vun den Attentater.

De Jacques Santer huet donieft ënnerstrach, näischt vun Aktioune vum Stay behind ze wëssen. Seng Ausso vun 1990, dass hien näischt iwwert de Stay behind wousst, wär ze nuancéieren, huet den Zeien deklaréiert, fir deen den Terme Stay behind him deemools net sou geleefeg gewiescht wär wéi z.B. Gladio.

Fir de Premier zur Zäit vun den Attentater waren d'Membere vum Stay behind honorabel Leit, déi am Zweete Weltkrich scho Resistenzler waren. Hie sot nach, sech u keen Accord mat der NATO erënneren ze kënnen, dass et hei am Land Attentater ouni Affer sollt ginn, fir den Zousaz bäizeflécken, dass dat "vläicht am Kader vun der Arméi" kéint geschitt sinn. Hie selwer géif u sou engem Accord awer zweiwelen.

Zu all Ament wëllkomm ...

Dem Procureur Georges Oswald no wär de Jacques Santer zu all Moment wëllkomm, fir bei him laanscht ze kommen an Informatiounen zur Bommeleeër-Affär ze ginn.

VIDEO: Bommeleeër-Prozess, 167. Dag
Jacques Santer reloaded: Fonctionnairen als Insider?