2 Ecoutte vläit am Zesummenhang mat der Affaire

Eenzegen Zeien am Prozess um Donneschdeg ass déi deemoleg Nummer zwee vum SREL, de Robert Rollinger.
De Robert Rollinger, deen 1981 bei de Geheimdéngscht koum an 1984 Directeur-adjoint gouf, ass vu Formatioun Jurist. Hien ass 2011 an d’Pensioun gaangen a war zur Zäit vun den Attentater en halleft Joer Chef vun den Operatiounen; deemools hätt et e Manktem u Moyene ginn.
Den Zeien huet vun zwou Ecoutte geschwat, déi vläicht am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär ze gesi waren.
D'Observatioun vum Ben Geiben wär vum Kommandant vun der Gendarmerie ausgaangen, ma d'Relatiounen tëscht de Verwaltungschefe wären net gutt gewiescht, an dat hätt ofgefierft.
Hie weess awer näischt vun engem eventuellen Oflauschtere vum Colonel Aloyse Harpes duerch de Charel Hoffmann.
Fir de Robert Rollinger goufe Büroen op der Gendarmerie no Wanzen duerchsicht. Et kéint sinn, dass hien de Rapport vum Armand Kaudé iwwert d’Observatioun op de Ben Geiben gesinn huet. Donieft goung hien dovun aus, dass d’Gendarmerie Bescheed wosst iwwert d’Resultat vun där Iwwerwaachung an dass fir de Charel Hoffmann net genuch am Rapport Kaudé iwwer Verdachtsmomenter géint de Jos Steil dra war.
An den Ae vum Zeie war de Charel Hoffmann vläicht net de gréisste Frënd vun der Magistratur, mä méi säin eegene Frënd.
D'fréier Nummer zwee vum SREL weess och näischt dovun, dass een oder eppes am Kontext vum Attentat op de Palais de Justice gesi gouf. Et wären, am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär, kaum Demandë vu baussen un de SREL komm, ouni Basisdonnéeën hätt een net selwer kënnen aktiv ginn an déi auslännesch Geheimdéngschter hätten zwar zu Lëtzebuerg nogefrot, wat et mat deenen Attacken op sech hätt, mä net vill.
Zeien: Politik wousst iwwer Stay behind Bescheed ...
De Robert Rollinger sot, net ze wëssen, ob Stay-behind-Akten am SREL geschreddert goufen. Et wär komesch gewiescht, wéi deen 1990 opgeléist gouf, an et gouf e Rapport dozou fir de Premier gemaach. D'Politik wosst dovun, sou d'Ex-Nummer zwee vum Geheimdéngscht, an hie selwer hätt et lamentabel fonnt, dass d'Politik gemaach hätt, wéi wann dat nei gewiescht wär.