Um Ufank vun der 170. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess huet de Me Vic Elvinger d'Wuert ergraff, fir eng wichteg Deklaratioun ze maachen.

Als Affekot vu Creos, där Gesellschaft also, déi Nofolger vun der Cegedel ass, sot de Me Elvinger, déi Partie civile kéint fir déi Schëlleg en Obstakel duerstellen, fir zu engem Aveu ze kommen. Dofir hëlt Creos den Engagement, ouni d'Zréckzéie vun hirer Partie civile, dass d'Firma op d'Exekutioun vun enger eventueller Condamnatioun verzicht. Deemno kéinte Leit, déi d'Schold fir d'Attentater iwwerhuele géifen, dovu kommen, ouni Schuedenersatz missen ze bezuelen. Den Affekot huet gemengt, am Intressi vum Prozess kéinten, respektiv sollte sech aner Parties civilen där Positioun uschléissen!

RTL
RTL

Entspriechend Dépositioune sollte fir spéitstens den 1. Juli beim Parquet erakommen. Aussoen, déi dono kommen, wären ouni Konsequenz.

Mat deenen anere Parties civile mengt den Affekot iwwregens an der Haaptsaach de Stat an d’Stad!

Dono war et um Tour vun den Ex-Stay behind-Membere Jean Wetz an Daniel Schenten.

Deen Eischten huet erkläert, vun Ufank bis zum Enn Member vun der Geheimorganisatioun gewiescht ze sinn; hie wär forméiert ginn als Funker. Et wär nëmme selen zu Exercicer komm, an hien hätt keng Kenntnis vun aneren Aktivitéite wéi z.B. Sabotage oder vun enger Waffestopp am Land.

Deen Zweete sot, 3-4 Joer aktiv gewiescht an och an der In- an der Exfiltratioun vu Leit trainéiert ginn
ze sinn. Hie wär nuets emol bei Exercicer dobäi gewiescht an hätt ni Formatioune matgemaach; hie wéisst och näischt vu Sabotage am Land an hätt keen anere Member vum Réseau kannt.

Nächsten Zeie war de Pierre Dillenburg.

Den Ex-Greffier vun der Chamber krut d'Fro gestallt, ob säi Virgänger Guillaume Wagener Dokumenter am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär matgeholl hätt. Dem Pierre Dillenburg no hätt de Guillaume Wagener sou Saachen eleng gehandhaabt an hätt a séngem Büro Dokumenter "unter Verschluss" gehat, mä hie wéisst näischt vu sou Dokumenter.De Ben Geiben dann hätt hie privat kannt; deen hätt och vun Ufank u gesot, näischt domat ze dinn ze hunn. Den Zeien huet gemengt, dass de Ben Geiben zu Paräis war, wéi et beim EU-Sommet um Kierchbierg geknuppt huet; de Grënner vun der Brigade mobile wär och fräiwëlleg sénger Wee gaangen, aus private Grënn. D'Rumeur iwwert de Ben Geiben hätt hie scho ganz am Ufank héieren, ma hie kéint sech de Ben Geiben net als Auteur virstellen; dat géif net bei hie passen.

Den Ex-SREL-Agent Fränk Schneider gouf als leschten Zeie vum Nomëtte gehéiert.

Hie war 2000-2008 beim Geheimdingscht, fir d'éischt als Analyst fir d'organiséiert Verbriechen, dunn en charge fir de Conter-Terrorissem an um Enn fir Operatiounen zoustänneg. Hien hätt d'Perquisitioun beim SREL matkritt a sech net gewonnert, dass am Haus näischt ausser Zeitungsartikelen iwwert d'Bommeleeër-Affär fonnt gouf; den zoustännege Service hätt net richteg fonctionnéiert, well d'Archiv keng Prioritéit ënnert dem Charel Hoffmann war. Dem Ex-Chef vum Geheimdingscht wär d'international Collaboratioun méi wichteg gewiescht. Hie kéint nëmme schwéier verstoen, firwat de SREL net méi wosst an och keng Äntwerten do kritt; dobäi hätt de Geheimdingscht kënnen aktiv ginn.

Fir de Fränk Schneider hätte sech déi deemoleg Verwaltungschefe vun der Force publique an dee vum SREL „gehaasst“; drënner wär et dogéint besser gaangen. De fréiere Geheimdingschtagent fënnt et allzäit anormal, dass sech op Grond vum Rapport vum SREL-Agent Armand Kaudé iwwer Verdachtsmomenter géint de Jos Steil näischt gemaach gouf.

RTL

Géint d'Enn vun der Sëtzung huet de Fränk Schneider dunn erkläert, dass hien um Bord vun enger Visite an den USA Gespréicher matkritt hätt, déi am Kontext vun der Bommeleeër-Affär interessant gewiescht wären. Den Zeien huet v.a. vun enger Ausso op ganz héijem Niveau geschwat, déi am Zesummenhank mat der Affär net oninteressant wär. Déi Informatioun soll de Fränk Schneider elo an engem versigelten Ëmschlag matdeelen. Ë.a. dowéinst gouf de Prozess bis de 16. Juni ausgesat.

Da gëtt decidéiert op de President vun der cour d'appel de Frank Schneider vu senger Geheimhaltungspflicht entbënnt.

De Fränk Schneider huet inhaltlech ugedeit, et géing ëm de Kontext Kale Krich goen.

Am Prozess sot hien och, et wier nëmme logesch, datt et och zu Lëtzebuerg de Volet Sabotage vum stay-behind hätt misse ginn, vläit paralllel zum offiziellen Deel.

AUDIO: De Fränk Schneider

Am Prozess huet d' Defense versicht, dee Volet Sabotage op der militärescher Säit ze situéieren. Do wéilt awer kee richteg hikucken, huet d' Lydie Lorang sech geiergert.

AUDIO: De Reportage vum Nico Graf (23/05/2014 - 7h30)

VIDEO: Bommeleeër-Prozess 170. Dag
Creos bereet op Schuedensersatz ze verzichten.