Dementi vum Premier: Staat verzicht net op Schuedenersatz

© RTL (Archivbild)
Dës Regierung wier net bereet, an der Bommeleeër-Affaire op "Dommages et intérêts" ze verzichten, sot de Premier Xavier Bettel e Freideg nom Regierungsrot.
Et wier un der Regierung, esou Decisiounen ze huelen, an net um Affekot.
Domat widdersprécht de Premier frontal dem Affekot Philippe Penning. Deen hat RTL gesot, de Staat wier am Gaang positiv ze iwwerleeën, am Bommeleeër-Prozess mat op de Wee vun der Creos ze goen.
Fir déi fréier CEGEDEL hat jo um Donneschdeg de Maître Victor Elvinger am Prozess deklaréiert, d'Creos géif de Leit, déi Substantielles iwwer d'Attentater ze soen hätten, zousécheren, datt op si keng zivilrechtlech Fuerderungen zoukéimen.
D'Creos huet och déi aner Parties civiles opgefuerdert, bei hirer iwwerraschender Propos matzemaachen.

De Me Penning
Um Freideg de Moien hat RTL doropshi gemellt, de Staat wier och am Gaangen, sech esou e Schrëtt z'iwwerleeën, also op "Dommages et intérêts" ze verzichten, wann Täter oder Zeien elo am Prozess aussoe kéimen. Si kéinten aussoen an domat hëllefen, d'Attentatsserie opzeklären. Dat hat den Affekot Philippe Penning RTL op Nofro gesot.
De Maître Daniel Baulisch a säi Client Roger Wohlfahrt hunn dogéint awer wëlles, bei der Creos-Propos matzemaachen. De Roger Wohlfahrt war jo zu Aasselscheier bal an de Booby-Trap gelaf an huet sech dowéinst Partie civile deklaréiert.
