Skandaléis, datt de Staat Schuedensersatz freet

De Staat wëll an der Affaire Bommeleeër Dommage et intérêts kréien, fir eppes, wou e selwer massiv mat dran hänkt. An dat wier skandaléis.
Dat schreiwen an engem Presse-Communiqué d' Defense-Affekoten Lydie Lorang a Gaston Vogel.
PDF: Pressecommuniqué vun der Defense.
Ugefaang mat de leschten zwou Zeilen, wou d'Affekoten – ganz an der Vogel-Diktioun – soen, de Staat wier deloyal, zynesch, hannerlëschteg, prédateur an hypocrite, well en Dommage vun Onschëllege fuerdert, fir eppes wat hien sech selwer zougefügt hätt.
An et ass op iwwer 6 Säiten eng gëlleg Plaidoirie géint dee Staat. Deen elo schonn 170 Sëtzungen am Prozess zougelooss hätt, fir eppes, wou hie selwer responsabel wier. An de Staat, dat wieren eben d'Force publique an d'Politiker.
Dee Staat hätt d' Enquête systematesch sabotéiert an en hätt sech awer och iwwerhaapt net dru ginn fir d'Attentat-Serie unzehalen. De Staat hätt d'Täter kannt, protégéiert an se hannerwanns bruecht.
Beispiller vun den Affekoten: D'Beweisstécker, déi un den FBI gaang wieren, den Enquêteur Disiwiscourt, deen express net uerdentlech enquêtéiert hätt; d'Pressioun, déi de Pierre Reuland exercéiert hätt, fir datt d'Enquête ophale sollt; d'Pressioun, déi de Justizminister exercéiert hätt, fir datt d'Enquête ophale sollt; de Prosper Klein, dee gesot hätt, et wier eng Staatsaffaire, déi ni opgekläert giff ginn; de Colonel Harpes, deen d'Piste militariste ecartéiert hätt; den Arméi-Commandant, dee matzen an der Serie d'Zaldoten vun de Wuechten ofgezunn hätt; e Geheimdéngscht-Agent, dee géint de Procureur Biever intrigéiert hätt.
Et wier eng Accumulatioun vu Fehler an Omissiounen, déi express gemat gi wieren. De Staat wier domat an enger equivoquer Posture an e kéint net den Onschëllege spillen. De Staat kéint also net Skandal bierelen, wann d'CREOS hir Schuedenersazfuerderung zeréckzéie giff.
De Bommeleeër-Prozess mécht den Ament jo grad Paus. De 16. Juni geet et nees weider, mat der Auditioun vun den Zeie Patrick Heck a Jean-Paul Heck.
Fir de Mëttwoch, 28. Mee ass eng net-ëffentlech Seance virgesinn, am Kader vun enger Chambre du conseil. An der Audience gëtt och de Fotosalbum vum Giscard d'Estaing gekuckt.
D'Defense-Affekote Vogel a Lorang hate gefrot, eng Paus am Prozess anzeleeën.