An der eigentlecher Sëtzung gouf duerch e Fotosalbum vun engem Fils vum fréiere franséische President Valéry Giscard d'Estaing gebliedert.

Eng knapp hallef Stonn huet eng net-öffentlech Sëtzung vum Bommeleeër-Prozess gedauert.

Déi eenzel Parteie kruten dee ganzen Album vum Louis Giscard d'Estaing ze gesinn a konnte sou Fotoe vun enger Juegd um Dag vum Attentat um Findel mat deene vu fréiere Juegde vergläichen. D'Kucke vun de Fotoen huet awer näischt Konkretes bruecht, sief et à charge oder à décharge vum Prënz Jean.

Bekanntlech wëll de verstuerwenen Zeien Eugène Beffort am Virfeld vum Attentat op de Findel dee Prënz Jean an der Géigend vum Flughafe gesinn hunn, wat deen awer bestreit, well hien am franséischen Département Loir-et-Cher eben op enger Juegd beim Fils vum Valéry Giscard d'Estaing wëll gewiescht sinn. Dee Louis Giscard d'Estaing hat sech am Mäerz um Enn vu senger Auditioun dozou bereet erkläert, dëse Fotosalbum virzeleeën. 2005 hat de Mann eng Attestatioun ofginn, dass de Prënz Jean den 9. an den 10. November 1985 bei där Juegd dobäi war a freides owes, den 8., do ukomm wär; den Eugène Beffort wëll dem Prënz Jean, wéi hien ëmmer nees behaapt hat, an der Nuecht op den 9. bei der eventueller Preparatioun vum Attentat op de Findel begéint sinn.

D'Sëtzung huet der Affekotin vum Ugeklote Jos Wilmes no also net weider gehollef, well een déi Biller gewise kritt hätt, déi och am Dossier sinn. Et wär zwar nëtzlech gewiescht, se eng Kéier am Original gesinn ze hunn, sou d'Me Lorang. Den Album hätt allerdings och net méi kloer gemaach, wéini a wou dës Fotoe gemaach goufen:

Fir d'Affekotin vum Jos Wilmes hat de Fotosalbum vum Louis Giscard d'Estaing de Virdeel, chronologesch opgebaut ze sinn.

De Prozess selwer geet elo de 16. Juni virun, wann den aktuelle SREL-Chef Patrick Heck an deem säi Papp Jean-Paul gehéiert ginn.

Um Bord vun där net-öffentlecher Sëtzung huet de Procureur Georges Oswald nach wësse gelooss, dass sech de fréiere Premier Jacques Santer, sou wéi deen dat e Samsden an der Emissioun Background am Gespréich ugedeit hat, effektiv bei him gemellt huet. De Procureur hat den deemolege Statsminister jo um Enn vun deem senger Dépositioun am Prozess dozou invitéiert, him säi Wëssen iwwert d’Bommeleeër-Affär matzedeelen; de Jacques Santer hat dee Moment geäntwert, hie kéint dat maachen! Heizou kënnt et elo an den nächsten Deeg!