Eng Stonn laang war de Jacques Santer um Dënschdeg beim Georges Oswald - a war dono net ganz gespréicheg ...

Si haten e Rendez-vous an dee war um Dënschdeg, 3. Juni: De fréiere Premier Jacques Santer wollt jo Mëtt Mee an ëffentlecher Sëtzung vum Bommeleeër-Prozess net iwwer Nimm a Leit schwätzen. Esou Saache wollt hien dem Procureur à huis-clos soen - an dat war elo de Fall.

De Jacques Santer war en Dënschdeg am Nomëtten eng Stonn laang beim Procureur - a wollt herno net vill matdeelen ...

AUDIO: Jacques Santer no Goerges Oswald ...
VIDEO: Bommeleeër-Prozess
Fréiere Staatsminister Santer beim Procureur