Patrick a Jean-Paul Heck als Zeien um Méindeg

No enger Paus ass et um Méindeg nees den Optakt vun enger neier Woch am Bommeleeër-Prozess.
Als Zeie ginn um Méindeg de SREL-Direkter Patrick Heck a säi Papp Jean-Paul gehéiert.
E Mëttwoch dann ass de Laurent Hurt convoquéiert, dee sech selwer bei der Defense gemellt hat, well hie via e Kannermeedchen vum Haff vun engem Sträitgespréich tëscht dem Grand-Duc Jean an dem Prënz Jean wosst. Doriwwer wäert e Mëttwoch ze schwätze sinn.
Et kënnt dann och zu enger Géigeniwwerstellung tëscht dem Zeien Hurt an dem fréiere Kannermeedchen Nadine Rausch.
En Donneschdeg da kënnt et zu enger Géigeniwwerstellung tëscht den Zeien Alice Fuchs a Ben Geiben. D'Madame Fuchs war d'fréier Frëndin vum Jos Steil, dee jo zum enke Krees vun de Suspekten an dësem Prozess zielt.