SREL-Chef Heck: Stay behind huet näischt dermat ze dinn

Fir den Direkter vum Geheimdéngscht, Patrick Heck, besteet kee Lien vum Stay behind mat der Bommeleeër-Affär.
Um Ufank vum Prozess e Méindeg ass eng Note verdeelt gi vum Procureur Georges Oswald iwwert deem säi rezente Rendez-vous mam Ex-Premier Jacques Santer.
Iwwerdeems de Me Vogel gemengt huet, do wär souwisou näischt dran, huet d'Riichterin Sylvie Conter erkläert, de Jacques Santer hätt dobäi awer ë.a. gesot, dass hien a senger Funktioun als Staatsminister alt Notte kritt hätt vum SREL iwwert d'Bommeleeër-Affär!
Dat hat den Ex-Staatsminister viru Geriicht net ausgesot.
Dono war et op en Neits um Patrick Heck fir auszesoen.
De SREL-Chef huet betount, virum Prozess näischt mat der Affär Bommeleeër ze di gehat ze hunn. Hien hätt sech dono mat den Aspekter dovu befaasst, ë.a. och mam Stay behind, well hien un der Wourecht interesséiert wär; fir hie bestéing awer kee Lien vum Stay behind mat der Bommeleeër-Affär. Den Direkter vum Geheimdéngscht huet och deklaréiert, mat de Stay-behind-Leit geschwat ze hunn, ier déi am Prozess gehéiert goufen.
An den Ae vum Patrick Heck hätte sech Arméi a Geheimdéngscht dru gehalen, wéi d'Regierung sot, zu Lëtzebuerg géif et kee Volet Sabotage ginn; et wär allerdings och net auszeschléissen, dass sech Leit selbstänneg gemaach hätten, mä dat géif hie ganz staark wonneren. 1990 wären Dokumenter iwwert de Stay behind zerstéiert ginn, an hien hätt keng Informatiounen iwwer en Training fir den Noutfall, sou de Patrick Heck, deen och vun enger „grotesker Duerstellung“, am Prozess, vum Stay behind geschwat huet.
Fir de SREL-Chef stéing d'Ausso, dass de Stay behind eppes mat der Bommeleeër-Affär ze dinn hat, "op extrem wackelege Been"; si wär wuel "net seriö an net tragbar". Hie géif och keng ideologesch Approche an den Attentater erkennen; am Stay behind wären iwwregens och keng Leit aus der Force publique gewiescht. De Patrick Heck ass donieft der Meenung, dass d'Amerikaner Bescheed gesot hätten, wéi se e Sécherheetstest bei der WSA gemaach hunn.