Si krute virgelies, wat si am Prozess iwwer déi Commission rogatoire internationale 1985 géint den deemools verdächtege Ben Geiben ausgesot haten.

De Ben Geiben sollt jo observéiert ginn. Mä schonn d'Sûreté-Missioun op Bréissel war zolidd schif gaang. Déi kleng Beamte wore sech selwer iwwerlooss a si Kiischte-Béier drénke gaang, iwwerdeems den Armand Schockweiler eng Entrevue mat engem belschen Offizéier hat.

Deen Ausfluch op Bréissel hat jo eng Suite: de Ben Geiben sollt an d'Land kommen iwwer de Weekend vum 19. Oktober an hie sollt observéiert ginn. Déi Observatioun ass awer opgehuewe ginn duerch de Jos Steil, um Geriicht ass eng Bomm explodéiert an de Ben Geiben war effektiv am Land a konnt ongestéiert zeréck op Bréissel fueren. Et ass eent vun de grousse Mystèren an der Affaire Bommeleeër an en etlech fréier Gendarmen hunn haut gréisser Problemer hiert Behuelen vun deemools ze explizéieren.

VIDEO: Bommeleeër-Prozess, 173. Dag
Aussoe vum Ben Geiben aus dem Joer 1985