An enger kuerzer Sëtzung stoung Meenung géint Meenung: En Zeie bleift bei senger, och wann déi Fra, déi en zitéiert, sech dovun distanzéiert ...

De Me Vogel huet um Mëttwoch de Mëtten, um Ufank vun der 173. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, eng Konklusioun virgeluecht. Dora gëtt dem Jean-Paul Heck virgehäit, Essentielles ze verheemlechen; den Affekot wëll, dass deem seng Roll ënnersicht gëtt, an huet eng Plainte wéinst Falschausso an Aussiicht gestallt.

Dono sot den Zeie Laurent Hurt, hien hätt dat fréiert Kannermeedche vum Haff Nadine Rausch iwwer Facebook kenne geléiert; si hätt him am Mäerz zejoert erzielt, Streidereie matkritt ze hunn, ë.a. iwwert d'Bommeleeër-Affär. Et hätten och Politiker hir Fangere mat am Spill; si wäre Matwësser. Si hätt ë.a. matkritt, dass ee vun de Filse vum Pierre Werner an d'Affär involvéiert wär; de Saz „Wann s De eppes domat ze dinn hues, da rabbelt et!“ wär net genee sou, mä an deem Sënn gefall; et wär de Grand-Duc Jean gewiescht, dee sech mat deene Wierder un de Prënz Jean adresséiert hätt. Hien hätt sech doropshi mat där Informatioun un de Me Vogel geriicht.

Hien hätt dem Nadine Rausch och doriwwer Bescheed gesot, ma déi hätt him géintiwwer erkläert, hien hätt dat falsch verstanen.

D'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter huet doropshi bäigefléckt, dass si viru Geriicht sot, si hätt dat ni gesot; si hätt wuel Streidereie matkritt, mä net iwwert d'Bommeleeër-Affär.

De Laurent Hurt huet ënnerstrach, dass d'Fra dat kontestéiert hätt; a sengen Ae wollt si sech vläicht wichteg maachen, a wa se gelunn hätt, wär se eng gutt Schauspillerin. Hie géif allzäit bei senger Ausso bleiwen.

Doropshin huet de Procureur Georges Oswald proposéiert, de Papp vum Laurent Hurt en Dënschdeg ze héieren, grad wéi de Fils an d'Nadine Rausch.

Domat war eng ganz kuerz Sëtzung no knapp 20 Minutten op en Enn.

VIDEO: Bommeleeër-Prozess, 173 Dag
Sëtzung no knapp 20 Minutten op en Enn