Um Ufank vun der Sëtzung um Donneschdeg sot de Procureur Georges Oswald, dass hie virun 3 Deeg e Rapport vun engem Polizist krut ...

Dora steet, dass den ominéisen M aus der Geheimdéngschtaffär deem Mann gesot hätt, 3 Leit am Land wéissten, ween d'Bommeleeër waren.

Dës zwou Persoune goufe fir en Dënschden als Zeie geruff.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 19. Juni vum Nico Graf.

Ben Geiben ... scho rëm

Dono war et nees um Tour vum Ben Geiben fir auszesoen. De Grënner vun der Brigade mobile huet erkläert, dass hien nom Attentat op de Geriichtspalais wuel Planze bei de Jos Steil siche gaange wär. Dorun hat d'Alice Fuchs, fréier Liewenspartnerin vum Jos Steil, awer virun de Riichtere keng Erënnerung.

Op d'Remarque vun der Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter, d'Geriicht wär éischter der Meenung, dass de Jos Steil dee Moment net do war, huet de Ben Geiben geäntwert, hie wéisst net, ob deen do war; hie selwer hätt och kee Schlëssel gehat fir bei de Jos Steil eran.

D'Sylvie Conter wollt wëssen, wat de Ben Geiben annerhallef Stonn do gemaach hätt. Dee sot, hie kéint sech net drun erënneren, dass et sou laang war. D'Alice Fuchs sot, och näischt vu weidere Planzen am Haus ze wëssen.

Dem Ben Geiben no hätt hien de Jos Steil no sengem Depart net dacks gesinn, vläicht 2-3 Mol; hien hätt kee ganz intensiivt Verhältnis zum Jos Steil gehat an och näischt matgeholl, wat mat engem Attentat ze dinn hätt.

"Wär ech dach nëmmen observéiert ginn!"

D'Sylvie Conter huet gemengt, dass dee Bunker am Haus vläicht eng gutt Stopp war, a gefrot, ob de Ben Geiben net gemierkt hätt, dass Leit hannerun him waren. De Ben Geiben sot, der Meenung ze sinn, dass hie manipuléiert gouf; hie wär op Lëtzebuerg komm, fir bei sengem Frënd ze sinn, a sot: "Wär ech dach nëmmen observéiert ginn!"

De Me Vogel huet sech gefrot, firwat hien net higaange wär a gesot hätt, hien hätt näischt domat ze dinn. Fir de Grënner vun der Brigade mobile hätt hien net de Reflex gehat, fir bei d’Justiz oder d’Police ze goen, mä hien hätt et iwwert d’Press gesot.

"Firwat hutt Dir dann net Plainte wéinst Diffamatioun gemaach?", wollt de Me Vogel wëssen. Et wären nëmmen Uspillungen op säin Numm gewiescht, deen ni genannt gi wär; hie wär wahrscheinlech net kämpferesch genuch gewiescht, well hie gewosst hätt, dass hien et net war.

Do läit de Schlëssel

Nodeems d'Riichterin Sylvie Conter betount huet, si géif dovun ausgoen, dass beim Attentat op de Palais de Justice ee gesi gouf, huet de Ben Geiben deklaréiert, de Schlëssel vun der Serie wär ronderëm dat Attentat ze fannen.

Et wär am Oktober 1985 3 Woche laang dru geschafft ginn, fir hien an d’Pan ze klaken; ënnert dem Colonel Wagner wär näischt géint hie geschitt, mä ënnert dem Colonel Harpes hätt dat geännert. Et wär zu enger Commission rogatoire zu Bréissel komm, hie wär op Lëtzebuerg komm, ma d'Iwwerwaachung op hie wär brutal gestoppt ginn, well soss kloer gewiescht wär, dass hien et net war; hien hätt samschdes net däerfen iwwerwaacht ginn. Du wär erëm mat der Observatioun ugefaange ginn, ma et hätt keen hien ugehalen, well soss d’Rechnung net opgaange wär; méindes wär du gesot ginn: "De Geiben war et net."

Dotëscht wär awer alles géint hie gemaach ginn; d'Attentat op de Palais de Justice wär duerchgefouert ginn, fir hien ze verdächtegen, an dat lescht Attentat op d'Haus vum Colonel Wagner, fir dat ze confirméieren. Hie wär den ideale Sündenbock gewiescht, an et wäre vläicht 10 Leit a Fro komm, déi hien hätte wëllen eraleeën.Hie wär et net gewiescht, all d'Verdachtsmomenter géint hie wäre just Spekulatiounen, sou de Ben Geiben, deen nach betount huet, de Prënz Jean net kannt ze hunn. De Kontakt mam Haff wär net enk gewiescht, d'Rumeur vum Prënz géif him e bësse mat den Hoer erbäi gezu schéngen a wär nëmme schwéier virzestellen.

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (20/06/2014 - 7h30)
VIDEO: Bommeleeër-Prozess, 174. Dag
Geiben als "ideale Sündenbock" a wat wëssen déi 3 Leit?

Hei drënner nach de Plang vun der anerer Woch:

Lundi, le 23 juin 2014 – jour férié

Mardi, le 24 juin 2014 – témoins – Nadine Rausch, Laurent Hurt, Marcel Hurt, Loris Mariotto, Patrick Fairon

Mercredi, le 25 juin 2014 – témoins – réserve

Jeudi, le 26 juin 2014 – témoin – à déterminer