Ganz um Enn vun der Sëtzung huet de Procureur Georges Oswald ugekënnegt, datt hien den Untersuchungsriichter freet, fir nei Leit z'inculpéieren.

AUDIO: Den Defense-Affekot Gaston Vogel huet herno gesot ...

Wat ass um Dënschdeg an der Sëtzung alles geschitt?

Um Ufank vun der 175. Sëtzung, um Dënschdeg, 24. Juni, huet de Me Vogel de Wonsch zum Ausdrock bruecht, no der leschter Auditioun, d'viregt Woch, vum Ben Geiben de Grënner vun der Brigade mobile an de SREL-Mann Armand Kaudé nach emol ze héieren.

Konfrontatioun Rausch-Hurt ... ouni Resultat

Dono koum et zur Konfrontatioun tëscht dem Ex-Kannermeedche vum Haff Nadine Rausch an där hirem Bekannte Laurent Hurt; dee sot jo, dass si him iwwer e Sträit tëscht dem Grand-Duc Jean an dem Prënz Jean am Kontext vun der Bommeleeër-Affär geschwat hätt.

D'Nadine Rausch huet en Dënschdeg de Mëtten erkläert, si hätt e Sträit matkritt, awer net tëscht dem Grand-Duc an dem Prënz an och net am Zesummenhank mam Bommeleeër; si hätt näischt an deem Sënn héieren. De Laurent Hurt huet gemengt, dann hätt hien entweder Saachen duerchernee gehäit oder si dat sou gesot. D'Nadine Rausch huet betount, näischt um Haff ënnerschriwwen ze hunn, iwwerdeems de Laurent Hurt ënnerstrach huet, dat sou verstanen a keen Interêt gehat ze hunn, fir eppes drun ze hänken.

RTL

Domat war déi Konfrontatioun gelaf; d'Riichterin Sylvie Conter huet dozou gemengt, et hätt ee bal d'Pneue quiitschen héiere beim Kéier Huelen!

Plainte géint Onbekannt

Dono war et um Zeie Marcel Hurt, Papp vum Laurent Hurt. Dee Marcel Hurt soll an engem Bréif un de Me Vogel geschriwwen hunn, de Papp vum SREL-Chef Patrick Chef wär fir de Lëtzebuerger Stay behind responsabel gewiescht.

Den Zeie sot, dee Bréif net geschriwwen an dowéinst Plainte géint Onbekannt gemaach ze hunn; hie wéisst awer net, ween den Auteur dovu kéint sinn. Hie war selwer Member vum Stay behind. Op d'Fro u säi Fils, ob deen de Bréif geschriwwen hätt, huet de Laurent Hurt geäntwert, neen, hien hätt näischt domat ze dinn!

Fairon-Mariotto: 3 Leit, 0 Nimm

Dono koum et zur Géigeniwwerstellung tëscht dem Polizist Patrick Fairon an dem ominéisen M aus der Geheimdéngschtaffär, Loris Mariotto.

De Patrick Fairon huet erkläert, hien hätt den M um Luxair-Crash kenne geléiert a si wären dono a Kontakt matenee bliwwen. Am Januar 2003 hätt den M him no enger Fläsch Wäin an e puer Cocktaile gesot, d'Bommeleeër wäre gepëtzt ginn, 3 Leit wéissten, ween et war, an déi Persounen hätte gutt Plaze kritt. De Patrick Fairon huet net nogefrot, ween déi 3 wären; hien hätt dono Recherchen iwwert den M gemaach a wär doropshi vun der Police judiciaire gehéiert ginn.

De Loris Mariotto sot, hie misst dem Polizist Recht ginn; hie kéint sech awer guer net méi un déi prezis Ausso erënneren. Wann hien dat gesot hätt, hätt dat domat ze dinn, dass nom Attentat op den EG-Sommet iwwert de Policefunk gesot gouf: “Si hu se kritt!”. Hie wéisst awer net, ween déi 3 Leit wären.

Fir de Procureur Georges Oswald stoung d’Ausso “Si hu se kritt” déi Zäit allerdings net an de Medien!

De Loris Mariotto huet ënnerstrach, hie misst dat héieren hunn, wéisst awer net wou.

Dem Patrick Fairon no wär den Zousaz "Elo hunn ech Der scho vill ze vill gesot!" dono gefall.

De Loris Mariotto sot, sech u sou eppes net erënneren ze kënnen; hie géif och keng 3 Leit kennen, déi eng besser Plaz kritt hätten.

CD mat Code

De Loris Mariotto huet dunn deklaréiert, déi faméis kryptéiert CD vun zwee presuméierte Leit vum Haff kritt an dem SREL se ginn ze hunn; hien hätt gesot kritt, et wär e confidentiellt Gespréich tëscht dem Premier Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri drop. Senger Ausso no geséich een net, ob eppes drop wär, obwuel hie laang un där CD geschafft hätt; et bräicht een e Code dofir. Bei der Police judiciaire hätt hien nach eng aner CD gesinn.

No all deenen Deklaratiounen huet de Procureur Georges Oswald ënnerstrach, hie géif de Verbatim vun dëser Auditioun froen.

De Loris Mariotto huet gemengt, net ze wëssen, ween d’Bommeleeër waren; hien hätt och deemools net gewosst a wéisst och haut näischt iwwert déi 3 Leit. A sengen Ae wär 2003 vill iwwert d'Attentat op den EG-Sommet geschwat ginn.

Fairon bleift bei Aussoen

D'Presidentin vum Geriicht wollt doropshi vum Patrick Fairon wëssen, ob hie bei sengen Aussoe bléif. De Patrick Fairon sot Jo. D'Riichterin Sylvie Conter sot dunn, et géif fir haut duergoen, an dem Patrick Fairon seng Aussoe géife passen. Hien hätt dat mat de bessere Plaze fir d'Force publique opgeholl, sou de Polizist nach.

Fir den Ingenieur M wären iwwregens Donnéeën op der kryptéierter CD drop.

Ganz um Enn vun der Sëtzung huet de Procureur Georges Oswald ugekënnegt, datt hien den Untersuchungsriichter freet, fir nei Leit z'inculpéieren.

RTL

Bis elo ware si eleng op der Uklobänk: Marc Scheer a Jos Wilmes (riets).

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (24/06/2014 - 18h30)
AUDIO: De Reportage vum Nico Graf (25/06/2014 - 7h30)
VIDEO: Bommeleeër-Prozess, 175. Dag
Prozess eriwwer, well nei Leit op der Uklobänk?