De Procureur wëll, datt déi 6 och op d'Uklobänk kommen. Decidéieren deet dat den Untersuchungsriichter. - D'Geriicht seet den 2. Juli, ob et weidergeet.

De Procureur huet um Dënschdeg jo annoncéiert gehat, datt nieft den aktuellen zwee Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes nach aner Leit sollen inculpéiert ginn. Dat si Polizisten sinn, déi sech am Laf vum Prozess a Widderspréch verwéckelt hunn.

Nom Procureur Georges Oswald senger Declaratioun um Mëttwoch de Mëtteg, datt hien der Meenung ass, datt nach 6 weider Persounen ugeklot misste ginn - Reuland, Stebens, Schockweiler, Bourg, Harpes, Weydert -, huet d'Geriicht sech zeréckgezunn, fir eng Decisioun ze huelen. Ob et weidergeet, gëtt an enger Woch, um Mëttwoch, 2. Juli matgedeelt.

Dono mécht dann och de Parquet e "Point presse".

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 25. Juni vum Eric Ewald.

Um Untersuchungsriichter ass et iwwerdeems ze decidéieren, wien nieft Scheer a Wilmes vun deene 6 Persoune mat op d'Uklobänk kënnt.

Aloyse Harpes, Charel Bourg, Armand Schockweiler, Pierre Reuland, Guy Stebens a Marcel Weydert – si ginn als potentiell Ugeklote betruecht. Dat huet de Procureur Georges Oswald annoncéiert. Déi 6 ginn an der Saach verdächtegt, Komplizen a Matwësser ze si vun den zwee Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes; faux témoignage an entrave à la justice si weider Reprochë géint si.

De Procureur sot, de Prozess kéint da wuel net weidergoen ... an et misst en Tëschenuerteel iwwer en eventuelle Surseoir à statuer, spréch en no-hanne-Verréckele vun engem Uerteel géint déi zwee bis dato Ugekloten, gesprach ginn.

Den Defense-Affekot Gaston Vogel huet no der ganz kuerzer Sëtzung kommentéiert, datt no 175. Prozessdeeg dann elo bewise wier, wat d'Defense an der éischter Sëtzung gesot hätt, nämlech datt den Dossier "totalement mal-instruit" wier. De Procureur misst sech praktesch op seng Nues späizen ... An et géif ee feelen: de Geiben! Déi 173. Sëtzung wier eng katastrophal Sëtzung fir de Geiben gewiescht, well deen hätt op näischt doran äntwere kënne.

AUDIO: Reaktioun vum Me Vogel (1)
AUDIO: Reaktioun vum Me Vogel (2)

Fir d’Me Lorang war d’Sëtzung, d’selwecht wéi fir de Me Vogel, de Beweis fir e schlecht instruéierten Dossier.

De Maître Vic Elvinger vun der Creos sot, déi Annonce um Mëttwoch wier vum Prozess hier logesch gewiescht; et wier am Interêt vum Land, datt d' Affaire opgekläert géif ginn – an dat bräicht jo keng weider 30 Joer ze daueren.

Dee kuerzen 176. Sëtzungsdag am Schnellduerchlaf

Procureur géint Véierel vir 3 do; net souvill Public, wéi ee vläicht erwaarde konnt; dofir méi Nervositéit am Sall a méi Affekoten, ë.a. därer vun dee Moment nach potenziellen Ugekloten; Riichtere géint 5 op 3 do.

Procureur Georges Oswald: Poursuite vun den Enquêten; Konsequenzen aus annerhallwem Joer Prozess; Guy Stebens, Marcel Weydert, Charel Bourg, Pierre Reuland, Alolyse Harpes an Armand Schockweiler op Grond vu Verbatimen ugeklot; am Zesummenhank mat der Pist Geiben, also och dem Attentat op d'Geriicht; déi 6 géife refuséieren, Wëssen, dat se hunn, matzedeelen; Attentater wieren net d'Dot eleng vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie (BMG), mä vun der Gendarmerie.

Virworf Co-Auteur/Kompliz ze sinn: Pierre Reuland (ë.a. Entrave+Falschausso); Guy Stebens (idem), Armand Schockweiler (idem), Charel Bourg (idem), Aloyse Harpes (idem), Marcel Weydert (idem).

Prozess kann net virugoen, esou Procureur; Tëschenuerteel iwwer Surseoir à statuer; Untersuchungsriichter kann, muss dem Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet awer net nokommen. Hien decidéiert, wien en fin de compte mat op d'Uklobänk kënnt.

D'Geriicht deelt den 2. Juli mat, ob de Prozess fortgesat gëtt oder net.

AUDIO: Bommeleeër-Prozess: Resumé vum 25. Juni vum Nico Graf

[widget type="liveticker" ticker="cat_live_25062014"]