De Bommeleeër-Prozess gëtt ausgesat

An der Affaire sti jo schonn 2 Ugekloten viru Geriicht an, geet et nom Procureur Oswald, da kommen der nach 6 derbäi.
6 Stéck, déi meescht vun hinnen fréier Gendarmeries-Offizéier. Prozedural gëtt dat net einfach. De fréiere Procureur Jean Bour huet a sengem Beruffsliewe schonn alles a säi Géigendeel gesinn. Him eng einfach Fro stellen a sech eng einfach Äntwert erwaarden – vergiess et. Eng einfach Fro ass zum Beispill dës: Gëtt de Bommeleeër-Prozess elo gestoppt oder net? D'Chambre criminelle géif do net dolaanscht kommen, fir ze soen, mir waarden elo of, sou de Jean Bour.
Also dat Faméist: Surseoir à statuer, Juriste-Franséisch wat wuel einfach aussetzen bedeit. A knapps ass dat gesot, denkt de Jean Bour weider: Ob een dat elo onbedéngt misst maachen...mir hunn déi Zwee elo, mir kéinten jo och doduerch goen, koste es, was es wolle. Et géif awer net sou wäit vun der Hand leien, datt ee Geriicht seet: mir wësse jo guer, wat dobäi erauskënnt. De Jean Bour hëlt un, datt dee Prozess do "ausgesat" gëtt.
No enger Zäitchen, am Gespréich, kënnt de Pronostic méi däitlech: Et kënnt ee Sursis à statuer. An eng Explicatioun hannendrun: Mir maachen elo guer näischt méi. Mir waarden of, op dat, wat am Cabinet geschitt.
D'Defense vun den zwee Ugekloten am aktuelle Prozess seet jo, domat wier de Prozess op éiweg gestoppt, wéint juristeschen, biografeschen a professionellen Evenementer, déi blockéieren. Ka sinn, muss net sinn, mengt de Jurist. Wéi laang dat dauert, dorobber kéint keen eng Äntwert ginn.