Leschten Dag vum Bommeleeër-Prozess. Virleefeg!

No der virleefeg leschter Sëtzung e Mëttwoch: De Me Vogel gëtt Interviewen ...
De Prozess géint Scheer a Wilmes mécht Paus, bis kloer ass, wat bei den Enquêtë géint 6 weider fréier Gendarmen erauskënnt.
An der Affär Bommeleeër ass de Mëttwoch, 2. Juli, e ganz speziellen Dag. Am Prozess huet d'Chambre criminelle nämlech op dësem Dag en Tëschen-Urteel gesprach - e sougenannte sursis à statuer, woumat och gerechent gi war.
Dëse Sursis bedeit, datt de Prozess géint déi 2 ugeklote fréier Gendarmë Jos Wilmes a Marc Scheer Paus mécht, bis gekläert ass, wat bei den Enquêtë géint 6 weider fréier Gendarmen erauskënnt.
D'Prozess-Zeien Aloyse Harpes, Charel Bourg, Pierre Reuland, Armand Schockweiler, Guy Stebens a Marcel Weydert, lauter (fréier) héichrangeg Membere vu Gendarmerie oder Police, gi jo vum Procureur Oswald verdächtegt, net d'Wouerecht gesot ze hunn, Matwësser oder carrément Mattäter vun de Bommenattentater ze sinn.
De Juge d'instruction Ernest Nilles soll enquêtéieren.
"Wou ass de Geiben?"
Nodeems d'Presidentin vum Geriicht um Mëttwoch kuerz no 15 Auer d'Decisioun gesprach hat, huet den Defense-Affekot Gaston Vogel d'Wuert ergraff a sech vehement driwwer opgereegt, datt de Ben Geiben net inculpéiert gi wier.
Lanag a breet huet de Me Vogel opgelëscht, wat a sengen Ae géint de Ben Geiben schwätzt - fréier wier dat déi beschte Spur gewiescht an elo géif hie quasi wäissgewäsch ginn.
"Net dran an net draus eraus"
Op engem "Point presse" no der Sëtzung, déi wéint der Interventioun vum Me Vogel awer eng Grëtz méi laange gedauert hat wéi geduecht, huet de Procureur Georges Oswald betount, d'Ënnerbriechung wier noutwenneg, fir d'Rechter vun der Defense vun de potenziell Ugekloten ze garantéieren.
De Procureur sot weider, als Reaktioun op de Geiben-Reproche, datt de Ben Geiben weder am Dossier wier, nach wier en draus eraus. Et géif een all Pisten am A behalen an et hätt ee sech och ni géint eng Pist gewiert - der "Wahrheitsfindung" wier alles ënnerzeuerdnen. Alles sollt verifiéiert ginn. An et géif een net zécken, wann néideg Responsabilitéit z'iwwerhuelen.
Deemno kéint, sou wéi d'Defense-Affekoten dat e Mëttwoch de Mëtten nach gefuerdert haten, de Grënner vun der Brigade mobile Ben Geiben nach bei déi 6 potenziell Ugeklote bäikommen!
De Procureur sot och nach, datt hien net soe kéint, wat den Untersuchungsriichter wéi a wéini géif maachen. Deen eleng géif decidéieren, wat richteg a wichteg wier. 7 bis 8 Leit vun der Police judiciaire stinn dem Juge d'instruction zur Säit. An den Untersuchungsriichter Nilles géif den Ament zwar och nach un aneren Dossiere schaffen, soll awer entlaascht gi vun sengen 12 Kollegen, fir sech dëser Affär richteg widmen ze kënnen.
De Parquet huet op alle Fall ugekënnegt, d'Aarbecht vum Juge d'instruction genee ze suivéieren an et wéilt een alles maachen, fir d'Affär opzeklären, well et hätt ee keen Interêt, eppes ze verstoppen.
D'Meenung vun de Leit
Wat halen d'Leit vun der Paus am Bommeleeër-Prozess?
Fanne mer de Bommeleeër nach?
[widget type="liveticker" ticker="cat_live_01072014"]