Jugement sur incident - dat ass den Titel vum Uerteel, dat e Mëttwoch am Bommeleeër-Prozess geschwat ginn ass.

D'Uerteel läit eis vir a mir hunn et vun engem Affekot liese gelooss. Deen näischt drun auszesetzen huet. D'Uerteel ass zwar 47 Säite laang. Mä an der Haaptsaach ginn do nëmmen d'Zeien an d'Expertën opgezielt, déi am Prozess opgetruede sinn. Just op de leschten dräi Säiten gëtt et e bësse méi inhaltlech. Mat dem Haaptsaz, datt d'Rechter vun der Defense musse respektéiert ginn.

L'art 12 de la constitution garantit implicitement les droits de la défense

De Maître Dan Baulisch, Affekot vun enger Partie civile, fënnt d'Uerteel an der Rei. Jidderee wier zefridden. D'Affekote vu Scheer a Wilmes wiere frou, datt elo nach Devoiren gemaach ginn. Och d'Partie civile wier ganz zefridden. Ob Scheer a Wilmes schëlleg wieren oder net, et wéilt een d'Wouerecht erauskréien. Dat hei kéint jo derzou bäidroen. Wann een héieren hätt, wat verschidde hoffentlech Futur-Inculpéiert do ausgesot hätten, dat wier jo scho grausam. Et misst een elo kucken, wat do erauskënnt.

D'Uerteel zitéiert de Procureur Oswald; deen hätt a sengem Requisitoire fir den Untersuchungsriichter vun neien éléments inquiétants geschriwwen.

Surtout dans le contexte de la piste dite Geiben qui aurai débuté avec l'arrivée aux commandes de la gendarmerie du colonel Harpes

Aus der sabotéierter Observatioun op de Ben Geiben ass also hei interessanterweis la piste dite Geiben ginn. De Saz, op deen et ukënnt, ass dësen:

© S. Schramm

La Chambre criminelle sursoit l'instruction judiciaire dans l'attente des éventuels devoirs et inculpations ordonnés par le juge d'instruction et de leurs résultats

D'Resultat vun den neien Enquête, do misst gekuckt ginn, wat dat bréngt, sou den Dan Baulisch. Wann näischt derbäi erauskënnt, dann dierft den normale Prozess géint Scheer a Wilmes nees lassgoen.

D'Resultat vun den neien Enquêten géint 6 fréier Gendarmen kann also e positiivt oder e negatiivt sinn; wëssen kann een dat elo nach net. Wat dernieft eng grouss Roll spillt, dat ass d'Zäit, déi alles brauch.

Natierlech wier ze fäerten, datt de Prozess elo bis zu de calendes greques ausgesat gëtt, sou nach den Dan Baulisch, trotzdem hätt d'Justiz keen anere Choix, wéi dat doten ze maachen. D'Leit hätten et verdéngt, d'Wouerecht iwwer d'Bommeleeër gewuer ze ginn. Do misst ee sech elo eben d'Zäit huelen.
Just datt et eben hannerwands am Secret de l'instruction leeft. A net méi en public an engem Geriichtssall. Et muss ee sech also ëmgewinnen. An hoffen, datt Journalisten eppes gewuer ginn.