D'Beschëllegungen an der Bommeleeër-Affaire wieren e richtegen Albdram gewiescht, seet hien e Samschdeg an engem Interview am Wort.

Déi ganz Accusatiounen hätten hir Spueren hannerlooss an hie wär frou, wa bestëmmte Leit de Courage hätten zouzeginn, datt se sech geiert hätten an derzou giffe bäidroen, datt säi Ruff nees giff retabléiert ginn. De Prënz Jean gehéiert zur groussherzoglecher Famill. Iwwert hie gëtt vill geschwat an awer ass wéineg iwwert hie gewosst, dat obwuel en de Brudder vum Grand-Duc Henri ass an d'Nummer 2 an der Trounfolleg war.

De Grand-Duc Jean war deemools 1986 géint d'Bestietnis vu sengem zweeteelste Bouf mam Hélène Vestur, hien huet säin Accord refuséiert. Mä et wär net zum definitive Sträit komm. De Prënz Jean wär haut ganz dacks zu Lëtzebuerg. Et giff kaum e Mount vergoen, ouni datt en hei am Land wär an da giff en och gäre mat sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, zesumme setzen, sou d'Lëtzebuerger Wort.